De Kabarä PEPpERONI ass e lëtzebuergesche Cabaretsensembel, deen 2007 an der Gemeng Dippech gegrënnt gouf.

E gouf vu 5 Leit, déi Theater a Cabaret an engem anere Veräi gespillt haten, gegrënnt. Am Moment huet de Veräin 9 Memberen an dovu stinn der 6 op der Bün.(Stand Januar 2016)

Den zweete Weekend vum Mount Oktober 2007 stoung de Veräin fir d'éischt zwéin Owenter zu Betteng op der Mess op der Bün.

De Start vun den alljärlechen neie Programmer gëtt mëttlerweil den zweeten an den drëtte Weekend am Oktober gespillt, wärend véier Owender, am Sall Norbert Sassel zu Betteng op der Mess. Zanter 2013 ass déi véiert Virstellung ee "Kabarä-Dinner", eng Formule déi bei de Spectateure gutt ukomm ass.

Duerno sinn e puer Optrëtter op enger klenger Tournée haaptsächlech am Süde vum Land.

De Veräin ass awer och soss nach aktiv an der Gemeng Dippech, zanter 2011 am Februar am "Café Um Bur" bei der Feier vun der Bettenger Kiermes, hëlleft awer och bei verschidde Manifestatiounen an der Gemeng

Programmer änneren

  • Damp an der Kichen, 2007
  • Dat gët et jhust zu Lëtzebuerg, 2008
  • E Viva Vakanz, 2009
  • Zevill ass nët genuch, 2010
  • Drënner an Driwwer, 2012
  • Alles op der Kopp, 2013
  • Feier a Flam, 2014
  • Schach Matt, 2015
  • Fënnef vir... 2016

Memberen änneren

  • Fränk Jager (President/Regisseur), Sabine Altenhoven (Sekretärin), Romy Jager (Keessjee)
  • Jeannot Halsdorf, Melanie Neu, Jean Neuman (Memberen).

Um Spaweck änneren