E Kabang (fr:cabas oder och cabat), ass e Kuerf mat zwou Schlaufen, dee fréier aus Stréi geflecht gouf, a vun den Hausfrae benotzt gouf fir Kommissiounen ze maachen. D'Stréi gouf no an no duerch schwaarzt Wuesduch an duerno Lieder ersat.

E moderne Kabang

Zu Lëtzebuerg gouf et de Kabang bis Enn der 1950er Joren an enger besonnescher Form, a war a ville Stéit ze fannen. De Kabang war eng Zort Patchwork, e Kuerf deen aus klenge Liederstécker zesummegebutt war. Déi konnte véiereckeg oder sechseckeg sinn, a ware sief et niefteneen oder iwwerenee gebutt.

Haut gi Kabangen a Frankräich ënner dem Numm Cabat verkaaft, a si grouss Akafskierf, déi dacks op Roulette montéiert sinn, a wéi eng Sakkäerchen ausgesinn.