Kaascht (Heel)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaascht als Heel. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Kaascht. |
De Kaascht ass en zolitten Heel mat meeschten zwee bis véier Hare fir schwéiere Buedem opzebriechen.
Den Numm
ännerenDen Numm huet seng Originnen am däitsche Wuert "Karst".
Et gëtt e puer regional Variante vum Begrëff:
- Kasch
- Kuesch
- Kuerscht
- Korscht
- am Südweste vu Lëtzebuerg: Koascht
- um ëstleche Bord: Koarscht oder Koarsch
Aner Kaaschten
ännerenWéinst der Form gëtt d'Geschir fir frëschgetippte Bëtong ze verzéien an d'Geschir fir a Kofferkesselen am Quetschekraut ze réieren och Kaascht genannt. Kaaschte mat dënne Gafelhare goufe gebraucht fir um Feld d'Mëscht vum Won ze zéien.
De Keeschtelchen och nach Gaardenheck genannt ass e liichten Heel mat op enger Säit engem normale Blat, an op der anerer zwee oder dräi Haren.