De Julien Joseph Vesque, gebuer den 8. Abrëll 1848 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 25. Juli 1895 zu Paräis, war e franséischen Naturalist mat Lëtzebuerger Originen. Hie war virun allem bekannt fir seng Aarbechten am Beräich vun der Planzephysiologie (Botanik). Hie war de Papp vun de bekannten Illustratorinne Marthe a Juliette Vesque.

Julien Vesque
Gebuer 8. Abrëll 1848
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Juli 1895
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Naturalist, Botaniker
Famill
Kanner Marthe Vesque, Juliette Vesque
Sternocera castanea rothschildi Pochon
Zeechnung an Aquarell vum Julien Vesque.

De Julien Vesque ass an der Stad an de Kolléisch gaangen. Seng gutt Resultater hunn him eng Héichschoulbourse vun der Lëtzebuerger Regierung abruecht. Hien ass am Joer 1871 op Paräis geplënnert an huet ënner de Professere Brongniart, Alexandre Braun a Kny studéiert. Schonn am August 1872 huet e seng Lizenz gemaach. 1872 koum en an de Laboratoire vum Decaisne an huet déi néideg Demarchen ënnerholl fir franséische Staatsbierger ze ginn. 1873 gouf e Laureat vum Prix Bordin. 1874 gouf hien zum Preparateur vum Laboratoire de physiologie végétale um Muséum national d'histoire naturelle genannt. 1876 huet hie säin Doktorat ofgeschloss. 1880 gouf hie Professor um Museum, 1883 Professer um Institut national agronomique Paris-Grignon a gouf Maître de conférences de botanique op der Sorbonne.

Als Auteur vu botaneschen Nimm gëtt hien als Vesque genannt.

Eng Strooss zu Gaasperech ass no him genannt: d'Rue Julien-Vesque.

Bibliographie änneren

  • 1875. L'écorce des plantes dicotylédonées.
  • 1876. Mémoire sur l'anatomie comparée de l'écorce. Paris: Masson. 117 p. Thèse présentée à la Faculté des Sciences de Paris. [1]
  • 1876. Thèses présentées à la Faculté des sciences de Paris pour obtenir le grade de Docteur ès sciences naturelles[1]
  • 1880. Nouvelles recherches sur le développement du sac embryonnaire des phanérogames angiospermes. Paris: s. n. P. 261-390, 10 f. de pl.: ill. ; 24 cm.
  • 1883. Notice sur les travaux scientifiques.
  • 1885. Traité de botanique agricole et industrielle. Paris: J. -B. Baillière. 976 p.
  • 1889-1892. Epharmosis, sive materiae ad instruendam anatomiam systematis naturalis. Vincennes: Delapierre. 3 vol.: ill. ; 23 cm
  • Vesque, J. & C. Viet, 1881. De l'influence du milieu sur la structure anatomique des végétaux. Paris: Jules Tremblay, 1881. - 13 p. ; 8° Extrait de: Annales de l'Institut national agronomique t. 3, 1878-1879.

Literatur änneren

  • Bertrand, C. Eg.,. Julien Vesque. Notice nécrologique. Séance du 26 juillet 1895. Bulletin de la Société botanique de France t. XXXXII (Troisième série, t. II): 472-478.
  • Bertrand, C. Eg., 1895. L'œuvre botanique de Julien Vesque. Annales agronomiques t. XXI: 400 (n° 9 et 10, septembre et octobre 1895).

Referenzen an Notten änneren

  1. http://www.loot.co.za/shop/main.jsp?page=detail&id=10591891082928