Julie Meynen
lëtzebuergesch Schwëmmerin
D'Julie Meynen, gebuer de 15. August 1997 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schwëmmerin.[1]
Julie Meynen | |
---|---|
Gebuer |
15. August 1997 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
Gréisst | 170 cm |
Gewiicht | 65 kg |
Kompetitiounen
änneren- Bei de Spiller vun de klenge Länner 2011 a Liechtenstein huet d'Julie Meynen d'Bronzemedail an der Disziplin 200 Meter Réckeschwamme gewonnen.
- Bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 zu Lëtzebuerg huet d'Julie Meynen 4 Medailen als Individualsportlerin gewonnen:
- Goldmedail: 50 m Fräistil, 100 m Fräistil
- Sëlwermedail: 100 m Päiperlek
- Bronzemedail: 200 m Fräistil
- Bei de Spiller vun de klenge Länner 2015 an Island huet d'Julie Meynen 4 Medailen gewonnen, 3 als Individualsportlerin an 1 an der Staffel:
- Goldmedail: 50 m Fräistil, 100 m Fräistil
- Sëlwermedail: 4 x 200 m Fräistil (Staffel)
- Bronzemedail: 100 m Réckeschwamme
- Bei den Olympesche Summerspiller zu Rio 2016 huet d'Julie Meynen dës Resultater erreecht:
- 25. vun 48 op 100m Fräistil: 55,09''[2]
Si war och bei den Olympesche Spiller zu Tokyo mat derbei.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ D'Julie Meynen um Site teamletzebuerg.lu
- ↑ Resultater vun de lëtzebuergeschen Olympioniken um Site teamletzebuerg.lu (gekuckt 15.08.2016)