Jules de Polignac (1746-1817)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Kapitän vum Royal-Dragon Jules de Polignac. Fir aner Persoune mat dësem Numm, kuckt wgl.. Jules de Polignac. |
De Jules de Polignac, gebuer 1746, a gestuerwen 1817 war de Kapitän vum Régiment de Royal-Dragons. Hie war de Jong vum Héracle-Louis de Polignac (†1802) an der Diane de Mazarin (†1755).
1776 huet sech de Jules de Polignac mat der Yolande de Polastron bestuet, Frëndin vun der Marie-Antoinette a Gouvernante vun de Prënzekanner.
Nokommen
änneren- Aglaé de Polignac (1768-1803) bestuet mam Antoine VIII. vu Gramont;
- Armand de Polignac, (1771-1847);
- Jules Auguste Armand Marie de Polignac (1780-1847), franséische Politiker a Premierminister vum 8. August 1829 bis 30. Juli 1830;
- Melchior de Polignac (1781-1855), Virfahre vum Rainier III. vu Monaco.