Judd mat Gaardebounen ass en typesch lëtzebuergesche Plat.

Judd mat Gaardebounen

Wat ass Judd? änneren

De Judd ass d'Halsstéck vum Schwäin. De Judd ka gesolpert oder/a gereezt ginn, am Ganzen oder als Kotlett verkaaft ginn.

Wéi gëtt e preparéiert? änneren

De gereezte Judd gëtt virum Kache gewässert. Duerno gëtt en eng 2 bis 3 Stonnen an enger Britt gekacht. An déi Britt kommen eng Porrett, Muerten, eng Ënn, e bëssen Zelleri, e Lorberblat, Neelcheskäpp, Peffer an, wann een et gär huet, e Schotz Rivaner.

D'Boune beim Judd, déi eigentlech keng Gaardeboune si mä Saubounen, oder och nach Dullesse genannt, ginn an enger Mielzooss preparéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Judd mat Gaardebounen – Biller, Videoen oder Audiodateien