Jozef De Coene

belsche Miwwelfabrikant a Moler

De Jozef De Coene, gebuer 1875, a gestuerwen 1950, war e belsche Miwwelfabrikant (Patron zu Courtrai vun enger vun de gréisste Miwwelfabrécken aus der Belsch) an och Moler.

Jozef de Coene: Wandmillen a Flanderen

Säi Liewen änneren

De Jozef De Coene war en Aktivist an huet sech fir flämesch Iddie staark gemaach. Nom Zweete Weltkrich ass him virgeworf ginn, dat hien ënner anerem an Däitschland, grad wéi verschidden aner flämesch Moler, un Ausstellungen deelgeholl huet. Dëse Virworf iwwer seng patriotesch Haltung am Krich gëtt allerdéngs net vu jiddwerengem gedeelt.

Säi Wierk änneren

Seng kënschtleresch Tätegkeet war villsäiteg. Hie gëtt der belscher Schoul zougerechent an huet Landschaften, Portraiten, Mierszeenen an Nature-Mortë gemoolt. Seng Biller bréngen de staarken Afloss vu sengem Frënd a Mentor Albert Saverys an och dee vum Arthur Deleu zum Ausdrock. D'Konschtkritiker klasséieren hien als Member vun engem vun de Latem-Molerkreesser, Gruppe vu Moler déi an der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert kënschtleresch aktiv waren. Si haten zwar keng fest Strukturen, mä hir Membere sinn duerch eng Rei vu gemeinsame Charakteristiken opgefall. Am éischte Grupp, dee vun de sougenannte Mystiker sinn den Albert Servaes, de Georges Minne, de Gustave van de Woestijne, de Valerius De Saedeleer an den Albijn Van den Abeele. Déi 2. "Schoul" war déi vun den Expressionisten, mam Constant Permeke, Jos Verdegem, Gustave de Smet, Léon de Smet a Frits Van den Berghe. Zum 3. Latem-Grupp, deen e spektakulären Afloss op déi belsch modern Molerei hat, zielen, ausser dem Jozef De Coene: Hubert Malfait, Albert Saverys, Arthur Deleu, Albert Claeys, Victor Lorein, Achile Van Sassenbroeck, Jules Boulez a Maurice Schelck. Lues a lues huet den Iwwergang zum Expressionismus sech vollzunn.

Kollektiounen änneren

Literatur änneren

  • Hostens, Noël ; Van De Voorde, Véronique: Les meubles d'art De Coene, Mouscron, Musée de folklore Léon Maes, 2001, 24 p.: ill., Terroir, 65; Websäit: www.decoeneartvillage.be
  • Germonprez, Fred:Jozef De Coene, Éditions Lannoo, 1967
  • De Geest, Joost: Jozef De Coene, Éditions Lannoo, 2005,ISBN 978-90-209-6209-3, (op nl)
  • Hostens, Noël: De 'American dream' van Jozef De Coene in Kortrijk, Meubeldesign uit het eerste kwart van de twintigste eeuw, in: Kunsttijdschrift Vlaanderen, 296 (jg 52, juni 2003), p. 197-201, Éditions Lannoo
  • Hostens, Noël: Art De Coene, de Kunstwerkstede te Kortrijk. Meubeldesign in het tweede kwart van de twintigste eeuw, in Kunsttijdschrift Vlaanderen, 306 (jg 54, juni 2005) p. 170-175, Éditions Lannoo
  • Hostens, Noël: De Dumontwijk binnenstebuiten. Meubelen De Coene, Kortrijk 1900-1975. Meubelen De Coene in De Panne,Samenst. en coördinatie: Noël Hostens, Gemeente De Panne, Dienst cultuur, 2001, 32 p.: ill., De Panne leeft, 27,4

Um Spaweck änneren