De Josy Melde, gebuer den 22. Januar 1951 als Joseph Melde, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] deen an der Stiermerpositioun gespillt huet.

Josy Melde
Gebuer 22. Januar 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hien huet vu senger Jugend bis 1974 fir d'Fola vun Esch gespillt. Am Juli 1974 ass hie bei d'Rivalen, d'Jeunesse, gewiesselt, wou e bis 1977 gespillt huet.

De 27. Mäerz an den 21.August 1976 huet de Josy Melde fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

De Josy Melde ass bestuet a wunnt zu Monnerech.

Referenzen änneren

  1. De Josy Melde op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Josy Melde op der Websäit vun European Football