Josy Allard
De Josy Allard ass e fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler.
Josy Allard | |
---|---|
Gebuer | 20. Joerhonnert |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
1963 war hien de 4. am Grand Prix Général Patton.
Säi gréisste Succès war 1965 wéi hien déi 8. Etapp vun der Österreich-Rundfahrt gewonnen huet[1], nodeem den Nicky Sassel den Dag virdrun déi siwent gewonnen hat. Hie gouf dat Joer den 23. am Generalklassement vun der Österreich-Rundfahrt.[2]