D'Josephine Venturi, bestuet Josephine (Josee) Vandeguchte, gebuer de 4. September 1934 zu Esch-Uelzecht, ass eng Lëtzebuergerin, déi a Kanada lieft.

D'Josephine Venturi zu Roum
Teller gemoolt vun der Josephine Venturi

Mat 21 Joer ass si a Kanada ausgewandert, wou si hir Schoulausbildung nogeholl an eng Ausbildung a Molerei a Poterie gemaach huet. Si moolt Biller vun hire Reesen op de Jakobsweeër an dekoréiert Tellere mat Motiver, déi si op hire Reese beandrockt hunn. 2008 huet si e Buch mat hiren Impressiounen an Erliefnesser um Jakobswee, a mat nëtzlechen Informatioune fir Pilger, erausginn.

Literatur

  • Vandeguchte, Josephine, 2008. Come walk with me. Santiago. Linda McLaughlin & Bill Chong Éditions. 106 S.

Um Spaweck