De Joseph Wienecke war en däitsche Jurist.

Joseph Wienecke

Hie war an der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich Procureur um Sondergericht.

Hie gouf 1945 par contumace (d. h. ouni dozesinn - hie war nämlech aus engem Congé vu senger Untersuchungshaft, deen en op Éierewuert kritt hat, net méi zeréckkomm) zu 10 Joer Prisong verurteelt.[1]

1953 gouf e Procreur, a méi spéit Éischte Procureur (Erster Staatsanwalt) zu Koblenz. Wéi dem Leonhard Drach seng Vergaangenheet 1965 kontrovers diskutéiert gouf - och hie war Procureur um Sondergericht an och um Standgeriicht, deen Doudesurteeler fir Leit gefuerdert hat, déi géint d'Zwangsrekrutéierung protestéiert haten, an och hien huet duerno an Däitschland am Justizwiese Karriär gemaach - ass sech och um Wienecke seng Vergaangeheet erënnert ginn, an déi zwéi goufe vun hiren Ämter suspendéiert. [2]

Referenzen änneren

  1. Geriichtsakten - Cote am Lëtzebuerger Nationalarchiv
  2. "Der Fenstersturz".Der Spiegel 6/1965 vum 03.02.1965, S.34.