Joseph Tasch

Lëtzebuerger am Kongo

De Joseph Tasch, gebuer den 2. Oktober 1889 um Sermlingerhof bei Kerlingen haut an der Gemeng Wallerfangen bei Saarlouis a gestuerwen den 11. Dezember 1950 [1] zu Elisabethville am Belsche Kongo, war en däitsch-Lëtzebuerger Geschäftsmann vu jiddescher Ofstamung[2].

Joseph Tasch
Gebuer 2. Oktober 1889
Sermlingerhof
Gestuerwen 11. Dezember 1950
Lubumbashi
Educatioun Universitéit vu Léiwen,
Lycée classique d'Echternach

Liewen änneren

No sengem Lycée zu Iechternach an zu Baaschtnech ass hien 1912 op der Universitéit Louvain mat Distinctioun licencié en sciences commerciales et consulaires ginn. 1913 koum hien op Elisabethville a gouf Sekretär vun der Bourse du travail du Katanga fir 1919 den Direkter vun der Bourse ze ginn. Dës Bourse huet Kongoleesesch Aarbechter rekrutéiert fir an de Kofferminnen ze schaffen.[3][4] Hie grënnt am Kongo eng Famill an huet 3 Jongen. Ufank vun den 1920er Jore war hie Matgrënner vun de Brasseries du Katanga, eng Brauerei, déi et haut nach gëtt.[5]

1924 huet de Joseph Tasch d'Bourse du travail verlooss an huet seng eege Immobiliefirma gegrënnt, déi séier grouss am Importhandel gouf. 1928 war hie Matgrënner vun der Compagnie pastorale du Lomami. Bis 1949 war hien hiren Administrateur. Vun 1935 u war hie Korrespondent vun der Agence télégraphique Prescobel zu Elisabethville. Wärend dem Zweete Weltkrich war hien de legale Vertrieder vun den Imprimeries belgo-congolaises (Imbelco).

Hie war Member vum Conseil de province du Katanga. 1942 huet hien d'Aktivitéite vun der Chambre de commerce du Katanga ausgebaut a gouf kuerz drop hiren Éierepresident. Hien huet eng ganz Rei ekonomesch Artikelen an der Revue Chambre de Commerce et de l'Industrie du Katanga verëffentlecht.[6]

Seng Famill ass bis zur Onofhängegkeet 1963 am Kongo bliwwen, duerno si se zeréck an d'Belsch an op Lëtzebuerg komm.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. M. Joseph Tasch †. Luxemburger Wort (20.12.1950). Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.
  2. Sofie Boonen, Lubumbashi/Elisabethstad. De morfologie van een kosmopolitische stad, S. 175. Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.
  3. Jules Marchal, Travail forcé pour le cuivre du Katanga. Gekuckt de(n) 7.1.2023.
  4. Quentin Jouan, Recruter au Katanga, Réalités et discours de la Bourse du Travail du Katanga (1914 - 1922). Gekuckt de(n) 7.1.2023.
  5. Simba, Congo Beer, Belgian Roots - Une histoire quasi centenaire. Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.
  6. Articles historiques par J. Tasch, 1943. Revue Chambre de Commerce et de l'Industrie du Katanga. Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.

Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.