Joseph Robert Lenné
De Joseph Robert Lenné , gebuer den 18. Juli 1817 zu Köln, a gestuerwen de 24. Oktober 1891 zu Bous, war en däitschen Agronom.[1]
Joseph Robert Lenné | |
---|---|
Gebuer |
18. Juli 1817 Köln |
Gestuerwen |
24. Oktober 1891 Bous |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Agronom |
Hie war den Neveu vum Peter Joseph Lenné, engem Landschaftsgäertner an Urbanist, deen ë.a. zu Berlin a Potsdam gewierkt huet. Bei him huet hien ë.a. seng Ausbildung gemaach, grad wéi am Institut agronomique de Grand Yan bei Nantes.
1846 gouf hien Inspekter op der Landwirtschaftsschoul zu Merchange[onkloer] an der Saar. 1848 oder 1849 gouf hie vum Pierre Ernest Dams op de Reckingerhaff bei Bous geruff, fir ze kucken, wéi een do e besseren Ertrag aus dem leemge Buedem huele kéint.
Do huet hie sech awer och an dem Dams seng Duechter Julie verkuckt, déi en 1849 bestuet huet. De Lenné a seng Fra hunn um Reckingerhaff gewunnt, an och nom Doud vun der Julie, 1879, ass de Joseph Robert do wunne bliwwen.
An den 1860er Joren huet hie proposéiert, dass Schwäizer Mëllechgeessen zu Lëtzebuerg gezillt sollte ginn, an hiet huet Virschléi gemaach, wéi d'Rannerrassen am Land kéinte verbessert ginn.[2]
Hien huet um Scheierbierg en Atelier fir Holz mat Kreosot z'impregnéieren opgemaach, an op seng Demande gouf eng Halt op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech, d'Gare Scheierbierg, opgeriicht.[2]
Zu Ierpeldeng gouf, fir un hien z'erënneren, eng Strooss no him genannt.[3]
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 2. S.578-579.
- ↑ 2,0 2,1 Imprägnieranstalt Joseph Robert Lenné, Scheuerberg op industrie.lu (nogekuckt: 26.09.2024).
- ↑ L-5421.