Haaptmenü opmaachen

De Joseph (Adam) Lortz, gebuer den 13. Dezember 1887 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 21. Februar 1975 an der Stad, war ee lëtzebuergesche kathoulesche Priister, Theolog, Reformatiounshistoriker an Auteur.

Joseph Lortz
Joseph Adam Lortz.jpg
Gebuer 1887
Gemeng Gréiwemaacher
Gestuerwen 21. Februar 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit,
Friedrich-Wilhelms-Universitéit,
Universitéit vu Freiburg
Aktivitéit Kierchenhistoriker, Historiker, Universitéitsprofesser, Theolog
Partei NSDAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Joseph Lortz war ee vun der bedeitendste kathoulesche Luther-Fuerscher vum 20. Joerhonnert. Säi Wierk an zwéin Deeler „Die Reformation in Deutschland“ dat 1939 fir d'éischt publizéiert gouf, ass souwuel vun der kathoulescher wéi och vun der protestantescher Kierch gelueft ginn[1].

De Lortz war den éischte kathouleschen Auteur, deen de Luther a senger ganzer Perséinlechkeet duergestallt huet, ouni hien als Mënsch z'erniddregen. Virum Lortz stoung déi ganz kathoulesch Luther-Fuerschung ëmmer nach ënner dem Afloss vum kathoulesche Reformatiounsgéigner Cochlaeus (1479-1552), deen a senge „Commentaria de actis et scriptis M. Lutheri“ zu enger Verdäiwelung vum Luther bannent de kathoulesche Kreesser bäigedroen hat[1].

Relatioune mat Lëtzebuerg[1]Änneren

Am Lycée zu Iechternach huet de Joseph Lortz, zesumme mam spéidere Lëtzebuerger Bëschof Léon Lommel d'Schoulbänk gedréckt. Hie huet duerno, vun 1907 bis 1911 zu Roum am Germanicum a vun 1911 bis 1913 op der nei gegrënnter zweesproocheger Universitéit zu Fribourg an der Schwäiz Philosophie an Theologie studéiert, wou hie vum Dominikaner Pierre Mandonnet a vum Jean-Pierre Kirsch, engem Lëtzebuerger Kenner vun de Kierchepappen, ënnerriicht gouf. De 25. Juli 1913 gouf hien an der Kathedral vu Lëtzebuerg vum de Bëschof Jean-Joseph Koppes zum Geeschtleche geweit. Entgéint dem Bëschof senge Virstellungen, datt de Lortz Professer am Stater Seminaire sollt ginn, huet deen awer léiwer eng wëssenschaftlech Carrière an Däitschland ageschloen. Op de Statioune vun där Carrière zu Bonn, Würzburg, Braunsberg a Münster ware seng Lëtzebuerger Originne kaum bekannt. De Lortz huet als däitsche Professer gegollt, absënns nodeem hie sech scho virun 1933 mat däitsche Sujete wéi dem „Germanisches Christentum“ beschäftegt hat.

De Jean-Pierre Kirsch war laang Zäit deen eenzege Lëtzebuerger Kontakt vum Lortz. Eréischt nom Enn vum Krich an nom Verloscht vu senger Professur zu Münster huet de Lortz sech nees u seng Lëtzebuerger Heemecht erënnert, wou hien natierlech net ganz wëllkomm war.

Op e Wuert oder eng Publikatioun, an där de Lortz sech fir seng däitsch Schrëften an Nazi-Däitschland entschëllegt hätt, gouf ëmsoss gewaart. De Lortz, huet sech awer ëmmer hefteg dogéint gewiert, als Nazi bezeechent ze ginn. Am Géigesaz zu senge Landsleit, déi ënner den Nazie gelidden haten, hat de Lortz vun deene profitéiert an do Carrière gemaach. Den Henri Koch-Kent, dee wäitleefeg mam Lortz Famill war, grad wéi vill aner och, hunn him säin net raisonnabelt Verhalen a säi Schweigen no 1945 éischter zum Virworf gemaach wéi säi Verhale wärend der Nazizäit.

No senger Nominatioun als Direkter vum Institut fir europäesch Geschicht zu Mainz, deem säin Zil d'Vëlkerverstännegung vun Europa war, huet sech de Lortz och bewosst nees als Lëtzebuerger z'erkenne ginn. Iwwer seng Vergaangenheet huet hien net geschwat a si gouf méi oder manner op béide Säite vun der Musel ausgeklamert. Besonnesch ënner der Amtszäit vum Bëschof Lommel (1956-1971), deen e Studiefrënd vum Joseph Lortz war, gouf och an de Lëtzebuerger Kierchekreeser nëmmen iwwer déi positiv Verdéngschter vum Joseph Lortz geschwat, seng Vergaangenheet war komplett tabu.

Fir säin 80. Gebuertsdag gouf de Joseph Lortz 1967 zu Mainz vum Poopst Paul VI. zum peepstlechen Éireprälate genannt well hie sech Zäit senges Liewens fir d' Zesummekomme vun deenen zwou gréisste chrëschtleche Konfessiounen agesat huet.

Eréischt no sengem Doud am Februar 1975 koum de Joseph Lortz, e Lëtzebuerger, dee säi ganzt Aarbechtsliewen an Däitschland verbruecht hat, nees a seng Heemecht zréck an huet zu Gréiwemaacher seng lescht Rou fonnt.

Publikatiounen (Auswiel)Änneren

  • 1926: Katholische Renaissance oder Dogmenfreie Religiosität? : ein Stück moderner Studentenseelsorge, Würzburg: St. Rita-Verl.
  • 1927-28: Tertullian als Apologet, Münster: Aschendorff
  • 1929: Geschichte der Kirche in ideengeschichtlicher Betrachtung, Münster: Aschendorff
  • 1930: zesumme mam Franz Xaver Seppelt an Otto Koch, Geschichte der Kirche: für die Oberstufe höherer Schulen, Münster: Aschendorff
  • 1933: Das kirchliche Mittelalter oder die Kirche als Führerin des Abendlandes, Münster: Aschendorff
  • 1934: Katholischer Zugang zum Nationalsozialismus, Münster: Aschendorff
  • 1939, Voraussetzungen, Aufbruch, erste Entscheidung, Die Reformation in Deutschland, Bd. 1,
  • 1940, Ausbau der Fronten, Unionsversuche, Ergebnis, Die Reformation in Deutschland, Bd. 2,
  • 1947: Die Reformation: Thesen als Handreichung bei ökumenischen Gesprächen, Augsburg: Kyrios-Verl. für christliches Geistesgut
  • 1948: Die Reformation als religiöses Anliegen heute : vier Vorträge im Dienste der Una Sancta, Trier: Paulinus-Verlag
  • 1950: Zur Problematik der kirchlichen Mißstände im Spätmittelalter : In memoriam Sebastian Merkle, Trier: Paulinus-Verlag
  • 1952: Der unvergleichliche Heilige: Gedanken um Franziskus von Assisi, Düsseldorf: Patmos-Verl.
  • 1953: Geschichte der Kirche in ideengeschichtlicher Betrachtung : eine geschichtliche Sinndeutung der christlichen Vergangenheit, Münster: Aschendorff
  • 1953: Bernhard von Clairvaux Traktate. Teil 1. Der Abt Hugo über die Taufe gegen die Irrtümer Abaelards, lateinisch-deutsche Ausgabe, Wiesbaden: F. Steiner
  • 1954: Bonifatius und die Grundlegung des Abendlandes, Wiesbaden: F. Steiner
  • 1956: Histoire de l'Église, Paris: Payot
  • 1959: Europäische Einheit und das Christentum, Wiesbaden: F. Steiner
  • 1959: Einheit der Christenheit: Unfehlbarkeit und lebendige Aussage, Trier: Paulinus-Verlag
  • 1960: Mein Umweg zur Geschichte: ein besinnlicher Rückblick auf der Journée des anciens d'Echternach, 10. Oktober 1959, Wiesbaden: F. Steiner
  • 1960: Tradition im Umbruch, Wiesbaden: F. Steiner
  • 1962: Die Reformation in Deutschland, Freiburg-im-Breisgau : Herder Verl.
  • 1962: Altertum und Mittelalter, Geschichte der Kirche, Bd. 1,
  • 1962: Die Neuzeit, Geschichte der Kirche, Bd. 2
  • 1963: L'épître aux Romains dans l'exégèse de Luther, Milano: Società editrice vita e pensiero
  • 1967: Luther, Reformation, Konzil (1517-1967), Extrait aus: Die Warte, 1967 N° 30, p. 1
  • 1969: zesumme mam Erwin Iserloh, Kleine Reformationsgeschichte : Ursachen, Verlauf, Wirkung, Freiburg: Herder
  • 1970: Holland in Not, Luxemburg: St.-Paulus-Dr.
  • 1970: Holland in Not II, oder, Kern und Schale, Luxemburg: St.-Paulus-Dr.
  • 1970: Vom kindlichen Glauben, Luxemburg: St.-Paulus-Dr.
  • 1971: Kirche und wir in der Krise, Mainz: J. Lortz
  • 1971: Luther und wir Katholiken: Worms, 1971, Mainz: J. Lortz
  • 1975: Oekumenismus ohne Wahrheit?, Münster: Aschendorff
  • 1976: Bonifatius, Berlin: Propyläen-Verl., Marburg: Deutsche Blindenstudienanstalt
  • 2001: Martin Luther, Extrait aus: Cahiers de la Pierre-qui-vire 17, p. 341-366

LiteraturÄnneren

  • Erwin Iserloh, 1958: Kirchengeschichte als Auftrag : Joseph Lortz 70 Jahre alt (13.12.1957), Trier : s.n.
  • Karl Otmar von Aretin, 1975, Vater Luther und ein Katholik : Zum Tode des Kirchengeschichtlers Joseph Lortz, Artikel an: Frankfurter Allgemeine Zeitung. -27. Februar 1975, S. 21
  • Gabriele Lautenschläger, 1987, Joseph Lortz (1887-1975) : Weg, Umwelt und Werk eines katholischen Kirchenhistorikers, Victor Conzemius an: Neue Zürcher Zeitung. - Fernausg. - Zürich. - Jg. 209(1988), Nr. 265 (13./14. November), S. 39
  • Rolf Decot a Rainer Vinke (Hrsg.), 1989, Zum Gedenken an Joseph Lortz (1887-1975) : Beiträge zur Reformationsgeschichte und Ökumene, Veröffentlichungen des Instituts für Europäische Geschichte Mainz. Beiheft 30. Abteilung Abendländische Religionsgeschichte
  • Victor Conzemius, 1990, Joseph Lortz : ein Kirchenhistoriker als Brückenbauer, Tiré à part vun: Geschichte und Gegenwart. - Jg. 9 (1990), Nr. 4, S. 247-278
  • Émile Krier, 1996, Joseph Lortz und Martin Luther, Extrait aus: Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Luxembourg, Joër 17 (1996), Nr. 3, S. 77-94
  • Émile Krier, 1999, Joseph Lortz : ein Kirchenhistoriker von internationaler Reputation, Extrait aus: Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Luxembourg, Joër 20 (1999), N° 3, S. 141-148
  • 2009, Kirche und Judentum beim Kirchenhistoriker Joseph Lortz (1887-1975), Extrait aus: Theologische Zeitschrift 65 (Sonderheft), S. 199-221

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Bodo Bost, 2006, „Der katholische Luther“