Den Henri Joseph Kill, gebuer de 25. Januar 1879 zu Miesdref bei Miersch, gestuerwen den 22. Dezember 1963 zu Iechternach, war en Iechternacher Gemengepolitiker.[1]

Joseph Kill
Gebuer 25. Januar 1879
Miesdref
Gestuerwen 22. Dezember 1963
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Bei de Gemengerotswale vum 12. Oktober 1924 ass de Jos Kill, deen op der Lëscht vun der "Ordnungspartei" kandidéiert huet, als fënnefte gewielt ginn. Éischt Gewielte war de Mathias Schaffner; no deem koum de Gust. Gretsch, allebéid och "Ordnungspartei".[2] Am Mäerz 1935 gouf de Jos Kill éischte Schäffe vun der Stad Iechternach ënner dem Buergermeeschter Mathias Schaffner. Zweete Schäffe war de Geschäftsmann Jos. Speck.[3] Nom Doud vum Mathias Schaffner war de Jos Kill Buergermeeschter ff., bis en am August 1941 duerch de Christian Stock ersat gouf.

No der Liberatioun vu Lëtzebuerg am September 1944 ass de Jos Kill nees Buergermeeschter ff. ginn;[4] "richtege" Buergermeeschter gouf hien den 13. Juni 1945.[5] Bei de Gemengewalen vum Oktober 1945 gouf hien net méi an de Conseil gewielt.[6] Hie blouf awer bis den 30. Dezember 1945 als Buergermeeschter am Amt.[1] Säin Nofollger war de Robert Schaffner, deen den 31. Dezember 1945 seng Nominatioun als Buergermeeschter vun Iechternach krut.[1]

Vu Beruff war de Jos Kill Eisebunnsbeamten.[7] Seng Eltere waren den Théodore Kill an d'Catherine Wagener. De 26. Oktober 1904 hat hie sech mat dem Angèle Weis bestuet.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archiv vun der Stad Iechternach.
  2. Luxemburger Tageblatt 1924, Nr. 240 (14. Oktober), S. 3 (Gemeinderatswahlen vom 12. Oktober 1924). [1]
  3. Escher Tageblatt 1935, Nr. 53 (4. März), S. 3 (Echternach, 4. März. Schöffenrat). [2]
  4. Kauthen, P., 1995. Das Leben der Echternacher Bevölkerung in der Evakuation (1944-45). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 82.
  5. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  6. Obermosel-Zeitung 1945-10-15, S. 1 (Gemeinde Echternach).
  7. A senger Nominatioun als Buergermeeschter vum 13. Juni 1945 gëtt hien als chef de district hon. des chemins de fer Prince-Henri bezeechent (Archiv vun der Stad Iechternach).