De Joseph Braun, gebuer den 31. Januar 1857 zu Wipperfürth an Däitschland a gestuerwen den 11. Juli 1947 zu Pullach bei München, war en däitsche Jesuitt a Konschthistoriker.

Joseph Braun
Gebuer 31. Januar 1857
Wipperfürth
Gestuerwen 11. Juli 1947
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Konschthistoriker, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, Archeolog

No senger Priesterwei am Joer 1881 an nodeem hien 1890 an de Jesuittenuerden agetruede war, ass de Joseph Braun Professer fir Kierchegeschicht a chrëschtlech Archeologie op den Héichschoule vum Uerden zu Valkenburg, Frankfurt am Main (Philosophisch-Theologische Hochschule Sankt Georgen) a Pullach ginn.

De Braun war e Mataarbechter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach an huet an där Funktioun eng Zäit zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem vun de Jesuitten um Lampertsbierg gelieft.[1]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Die Liebfrauenkirche in Luxemburg. In: Stimmen aus Maria Laach, 58 (1900), S. 41-60. [1]
  • Maria Magdalena oder Herodias? In: Zeitschrift für christliche Kunst, 19. Jg. (1906), Nr. 1, Sp. 23-26 (signéiert: Jos. Braun, Luxemburg). [2]
  • Die St. Andreaskirche zu Düsseldorf, ihre Stuckdekoration und ihre Stellung zu den übrigen rhein. Jesuitenkirchen. In: Zeitschrift für christliche Kunst, 19. Jg. (1906), Nr. 3, Sp. 75-94 (signéiert: Jos. Braun, S.J., Luxemburg). [3]
  • Eine alte Kopie des Gadenbildes in der Franziskanerkirche zu Werl. In: Zeitschrift für christliche Kunst, 19. Jg. (1906), Nr. 4., Sp. 117-122 (signéiert: Jos. Braun S.J., Luxemburg). [4]
  • Die Paramente im Schatz der Schwestern U. L. Frau zu Namur. In: Zeitschrift für christliche Kunst, 19. Jg. (1906), Nr. 10., Sp. 289-304 (signéiert: Jos. Braun S.J., Luxemburg). [5]
  • Die belgischen Jesuitenkirchen. Ein Beitrag zur Geschichte des Kampfes zwischen Gotik und Renaissance. Freiburg/Breisgau, Herder, 1907, 208 S. (mat engem Kapitel iwwer d'Kathedral vu Lëtzebuerg: Die Kollegskirche zu Luxemburg, S. 50-59). [6]
  • Handbuch der Paramentik. Freiburg/Breisgau, Herder, 1912, XII, 292 S. [7] Text
  • Der christliche Altar in seiner geschichtlichen Entwicklung. München, 1924.
    • Bd. 1: Arten, Bestandteile, Altargrab, Weihe, Symbolik. 756 S. [8]
    • Bd. 2: Die Ausstattung des Altars, Antependien, Velen, Leuchterbank, Stufen, Ciborium und Baldachin, Retabel, Reliquien- und Sakramentsaltar, Altarschranken. 704 S. [9]
  • Handlexikon der katholischen Dogmatik (unter Mitwirkung von Professoren der Theologie am Ignatiuskolleg zu Valkenburg; hrsg. Joseph Braun). Freiburg/Breisgau, Herder, 1926, VIII, 355 S. [10]
  • Tracht und Attribute der Heiligen in der deutschen Kunst. Stuttgart, J.B. Metzler, 1943, 854 Sp. [11]

Literatur änneren

  • Bautz, F. W., 1975. Braun, Joseph. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL). Band 1, Sp. 734. [12]
  • DBE, 2001. Joseph Braun, Jesuit, Archäologe. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 2. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 83.
  • Hertig, M., 1955. Braun, Joseph. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 2. Duncker & Humblot, Berlin, S. 553. [13]

Referenzen änneren

  1. E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 264f.