Joseph-Ernest Buschmann

lëtzebuergesche Graveur

De Joseph-Ernest Buschmann, gebuer den 13. September 1814 am Rollengergronn a gestuerwen den 19. Februar 1853 zu Gent, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant.

Joseph-Ernest Buschmann
Gebuer 13. September 1814
Gestuerwen 19. Februar 1853
Gent
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Graveur, Fotograf, Lycéesprofesser, Drécker

De Joseph-Ernest Buschmann ass op de Siwebueren op d'Welt komm. Kuerz duerno hu seng Elteren e mat op Antwerpen geholl, wou en och an d'Primärschoul goung. Duerno huet hien am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg an zu Paräis weiderstudéiert, a gouf do mat 18 Joer Lycéesprofesser.

Mat 24 Joer huet hien zu Antwerpen op der Académie des beaux-arts Coursë ginn. Zu Antwerpen huet hien och eng Dréckerei opgemaach an huet sech mat Fotografie a Gravuren ofginn. Hien huet ënner anerem a senger Dréckerei vun 1845 - 1848 de Moniteur Commercial erausginn.

Hie war Membre correspondant vun der Académie royale de Belgique an Auteur vun Theaterstécker, Oden, Balladen a Satiren. Hien huet och ë. a. eng Etüd iwwer de Rubens an aner Artiste geschriwwen, an e Gedicht iwwer de verstuerwene Moler Henri Leys. Och säi Cours iwwer d'Weltgeschicht huet e publizéiert.

De Joseph-Ernest Buschmann ass am Alter vun 39 Joer zu Gent gestuerwen.

Kuckt och änneren