De Josef Kreitmaier, gebuer den 20. November 1874 zu Siegenburg (Niederbayern), gestuerwen de 15. Januar 1946 zu Holzhausen bei Augsburg, war en däitsche Jesuitt, Konschthistoriker a Komponist.

Josef Kreitmaier
Gebuer 20. November 1874
Gestuerwen 15. Januar 1946
Aktivitéit Schrëftsteller

1897 huet hie säin Noviziat bei de Jesuitten ugefaangen. D'Priisterwei krut hien 1907. Als Redakter vum "Leuchtturm" huet hien 1909 zu Lëtzebuerg a vun 1910-1911 zu Köln geschafft.[1] Zu Lëtzebuerg war hien am Schrëftstellerheem um Lampertsbierg ënnerbruecht.[2]

Vun 1918 un huet de Kreitmaier fir d'Konscht- a Museksredaktioun vun der Zäitschrëft Stimmen der Zeit (fréier: Stimmen aus Maria Laach) geschafft; vun 1927 bis 1936 huet hien d'Redaktioun vun där Zäitschrëft offiziell, faktesch awer och vum 5. August 1941 bis zum 9. Mee 1945,[3] geleet.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Edward von Steinle. München: Allgemeine Vereinigung für christliche Kunst, 1917. 40 S. (Die Kunst dem Volke, Nr. 30). [2]
  • Die Weihnachtskrippe: ein Weckruf zur Freude. München: Allgemeine Vereinigung für christliche Kunst, 1919. 36 S. (Die Kunst dem Volke, Nr. 38). [3]
  • Unsere Kirche. 176 neue religiöse Lieder für Kirche, Schule und Haus in Verbindung mit Erich Przywara S. J. herausgegeben von Josef Kreitmaier S. J. Sechste und siebte Auflage. Regensburg. Druck und Verlag von Josef Habbel 1921.

Literatur änneren

  • DBE, 2001. Kreitmaier, Josef. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 6. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 93.
  • Pfeiffer, H., 1979. Kreitmaier, Josef. In: Neue deutsche Biographie (NDB), 12, S. 740-741. [4]

Referenzen änneren

  1. Pfeiffer 1979.
  2. E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 265.
  3. Rita Haub: Stimmen der Zeit. Katholische Monatsschrift für das Geistesleben der Gegenwart. In: Historisches Lexikon Bayerns. [1]