Jökulsárlón

(Virugeleet vu(n) Jokulsarlon)

Jökulsárlón (isl. fir "Gletscherflosslagun") ass dee gréissten a bekanntste Gletscherséi an Island. E läit um südleche Bord vum Gletscher Vatnajökull um Breiðamerkursandur tëscht dem Skaftafell-Nationalpark an der Uertschaft Höfn, um Terrain vun der Gemeng Hornafjörður.

De Jökulsárlón
Äisbierger um Jökulsárlón

En huet eng Fläch vu ronn 18 km² an ass, mat enger Déift vun 248 Meter, deen déifste Séi vun Island.

De Jökulsárlón ass bekannt fir d'Äisbierger, déi drop schwammen, an déi vun der Gletscherzong vum Breiðamerkurjökull ofgebrach sinn. Se kënne bis zu 15 Meter héich ginn, an hunn dacks verschidde Faarwen, tëscht Schwaarz (wat vun den Äsche vu Vulkaner hierkënnt) iwwer Wäiss bis Hellblo.

De Jökulsárlón leeft iwwer an de kuerze Stroum Jökulsá á Breiðamerkursandi, dee kuerz dono an d'Mier leeft. Geleeëntlech gëtt duerch d'Gezäiten Mierwaasser an de Séi gedréckt, sou datt de Séi am Wanter, wéinst dem Salzgehalt, net zoufréiert.

An de leschte Joerzéngten ass de Séi méi grouss ginn, well de Gletscher méi séier schmëlzt.

Eng Rëtsch bekannt Filmer goufen um Jökulsárlón gedréint, wéi Tomb Raider, Beowulf & Grendel, Batman Begins an déi zwéin James-Bond-Filmer Die Another Day an A View to a Kill.

Panorama vum Jökulsárlón
Panorama vum Jökulsárlón


Um Spaweck änneren

Commons: Jökulsárlón – Biller, Videoen oder Audiodateien