Johnny Nash

US-amerikanesche Pop- a Reggaemuseker a Schauspiller

Den John Lester Nash Jr., gebuer den 19. August 1940 zu Houston, am Texas, an och do de 6. Oktober 2020 gestuerwen[1], besser bekannt als Johnny Nash, war en US-amerikanesche Pop- a Reggaemuseker a Schauspiller.

Johnny Nash
Gebuertsnumm John Lester Nash Jr.
Gebuer 19. August 1940
Houston
Gestuerwen 6. Oktober 2020
Houston
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Museker, Lidderschreiwer

Hien huet ë. a. Lidder vum Sam Cooke a vum Bob Marley gecovert. Säi gréissten Hit war 1972 I Can See Clearly Now, deen e selwer, no enger Aenoperatioun, geschriwwen hat. Den Jimmy Cliff hat deen 1993/1994, och mat Succès, nogesongen.

Filmographie

änneren
  • 1959: Take a Giant Step
  • 1960: Key Witness
  • 1971: Vill så gärna tro

Um Spaweck

änneren
Commons: Johnny Nash – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 'I Can See Clearly Now' singer Johnny Nash dies at 80 op cnn.com