John Watts Young

US-amerikaneschen Astronaut
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den John Watts Young, gebuer de 24. September 1930 zu San Francisco, a Kalifornien, a gestuerwen de 5. Januar 2018[1] zu Houston, am Texas, war en US-amerikaneschen Astronaut mat der bis elo (2017) längster Karriär bei der NASA.

John Watts Young
Gebuer 24. September 1930
San Francisco
Gestuerwen 5. Januar 2018
Houston
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun United States Naval Test Pilot School
Aktivitéit Marinnoffizéier, Testpilot, Astronaut, Autobiograph

Hie war als Kommandant vun der Apollo 16 den néngte vu bis elo zwielef Mënschen um Mound an e war och 1981 de Kommandant vum éischte Fluch vun engem Space Shuttle.

Hie war deen eenzege Mënsch, deen véier verschidde Raumgefierer gesteiert huet: Gemini, Apollo-Kommandokapsel, Moundlandefär a Space Shuttle. Am Laf vu senger Karriär huet hie vill weider Rekorder an der Loft- a Raumfaart opgestallt.

Referenzen an Notten änneren

  1. Fréieren Astronaut John Young gestuerwen op rtl.lu, gekuckt de 7. Januar 2018