Den John W. Aaron, gebuer am Joer 1943 zu Wellington am Texas ass en US-amerikanesche Raumfaartingenieur a fréiere NASA-Fluchdirekter wärend der Zäit vum Apollo-Programm.

Den John Aaron (1965)

Liewen änneren

Den Aaron koum als Fluchkontroller bei d'NASA, mat der Verantwortung fir Elektrik, Ëmwelt- a Kommunikatiounssystemer. Beim Start vu Gemini 2 war hie schonn am Kontrollzentrum beschäftegt.

Dem Aaron gëtt zouerkannt, datt hien d'Apollo-12-Missioun gerett hat, nodeems d'Rakéit vun engem Blëtz getraff gouf. Och bei der Rettung vun Apollo 13 hat hien eng wichteg Roll gespillt.[1] Hie gouf am Film Apollo 13 vum Schauspiller Loren Dean duergestallt.

Spéider huet den Aaron um Skylab-Programm matgeschafft an huet bei der Entwécklung vun der Software vum Space Shuttle matgehollef. Hie gouf 1989 Manager vum Johnson Space Center's Space Station Projetbüro. 1993 huet hie missen zerécktrieden, nodeems him virgeworf gouf, de Budget ëm 500 Milliounen US-Dollar iwwerzunn ze hunn.

1993 gouf e Manager am Lyndon B. Johnson Space Center Engineering Directorate a blouf do bis zu senger Pensioun am Joer 2000. Hie war fréier och Buergermeeschter vu Meadowlakes.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lost Moon by Jeffrey Kluger and James Lovell, Houghton Mifflin (T) (October 1994) ISBN 0-395-67029-2
  2. Archive copy Archivéiert op 2009-12-06. Gekuckt de(n) 2015-08-28.