John Michell

engleschen Naturphilosoph a Geolog

Den John Michell, gebuer de 25. Dezember 1724 a gestuerwen den 29. Abrëll 1793 zu Thornhill, Yorkshire war en engleschen Naturphilosoph a Geolog.

John Michell
Gebuer 25. Dezember 1724
Nottinghamshire
Gestuerwen 21. Abrëll 1793
Yorkshire
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom, Geolog, Philosoph, Universitéitsprofesser, Physiker
Member vun Royal Society
Torsiounswoo am
Cavendish-Experiment.
Simulatioun: Eng Galaxis zitt hanner engem Schwaarze Lach laanscht. D'Oflenkung vum Liicht an déi eegen Däischtert vum "Stär" hat och de Michell erwaart.
Animatioun vun engem bedeckungsverännerlechem Duebelstär mat Liichtbou

Liewen a Wierk änneren

De Michell gouf 1762 Woodwardian Professor of Geology um Queens' College vun der Universitéit Cambridge. 1760 gouf hien zum Member vun der Royal Society of London ernannt.

De Michell hat fir d'éischt eng Torsiounswoo fir d'Moosse vun der Gravitatiounskraaft gebaut, hat awer déi entspriechend Ënnersich net gemaach. Säin Instrument gouf awer no sengem Doud vum Henry Cavendish am Joer 1797 erfollegräich fir d'Bestëmmung vun der Gravitatiounskonstant benotzt. De Cavendish hat a sengem Bericht un d'Royal Society ausdrécklech op d'Verdéngschter vum Michell higewisen.

De Michell gëllt och als Matgrënner vun der Seismologie. 1760 huet hien Äerdbiewen op Wellebeweegungen an der Äerd zeréckgefouert. Hien huet en Zesummenhank tëscht Äerdbiewen a Vulkanismus ugeholl.

Wéinst der deemools féierender Korpuskeltheorie vum Liicht huet hien am Joer 1783 den entspriechenden Afloss vun der Gravitatioun op d'Liicht an och d'Existenz vun "Donkle Stären", d'selwecht wéi d'Schwaarz Lächer ugeholl.

1783 gouf och fir d'éischt eng Erklärung mat zwéin ënnerschiddleche Stäre fir de bedeckungsverännerlechen Algol an engem Bréif vum Michell un de Cavendish beschriwwen.[1]

Wierker änneren

  • Observations on the Same Comet. In a Letter to Mr. James Short, F. R. S. In: Philosophical Transactions of the Royal Society. Vol. 51, 1759/1760, S. 466–467.
  • A Recommendation of Hadley's Quadrant for Surveying, Especially the Surveying of Harbours, Together with a Particular Application of It in Some Cases of Pilotage. In: Philosophical Transactions of the Royal Society. Vol. 55, 1765, S. 70–78.
  • Proposal of a Method for Measuring Degrees of Longitude upon Parallels of the Æquator. In: Philosophical Transactions of the Royal Society. Vol. 56, 1766, S. 119–125.
  • An Inquiry into the Probable Parallax, and Magnitude of the Fixed Stars, from the Quantity of Light Which They Afford us, and the Particular Circumstances of Their Situation. In: Philosophical Transactions of the Royal Society. Vol. 57, 1767, S. 234–264.
  • On the Means of Discovering the Distance, Magnitude, &c. of the Fixed Stars, in Consequence of the Diminution of the Velocity of Their Light, in Case Such a Diminution Should be Found to Take Place in any of Them, and Such Other Data Should be Procured from Observations, as Would be Farther Necessary for That Purpose. In a Letter to Henry Cavendish, Esq. F. R. S. and A. S. In: Philosophical Transactions of the Royal Society. Vol. 74, 1784, S. 35–57.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Russell McCormmach: Weighing the World: The Reverend John Michell of Thornhill. Verlag Springer Science & Business Media, 2011, S. 360 Mitte