Haaptmenü opmaachen
Titelsäit vun der SAPHIR Nummer 11

De John Fisch, gebuer de 25. Dezember 1942 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 28. November 1984 war e lëtzebuergesche Publizist a Journalist.

De John Fisch huet am Tageblatt ugefaangen als Journalist. Hien huet d'Lux-Post, déi éischt Gratiszeitung zu Lëtzebuerg gegrënnt. Duerno Saphir, eng "Neue Luxemburger Illustrierte" an 1979 Magazin 2000, eng Zäitschrëft iwwer Grenzwëssenschaften.