John-Grün-Monument zu Munneref
D'John-Grün-Monument ass e Monument zu Éiere vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün, dat zu Munneref an der Rue John-Grün steet.
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°30'22,5"N, 6°16'19,2"O |
D'Monument gouf vum Pierre Thorn entworf an ënner der Leedung vum italieenesche Sculpteur Duilio Donzelli realiséiert. De Relief aus Bronze, deen de John Grün duerstellt, ass vum Sculpteur Jean Mich (1871-1932) entworf ginn.
Um Monument steet:
A JOHN GRUN CHAMPION DU MONDE 1886-1912 ROI DE LA FORCE
D'Monument ass de 25. Juni 1920 ageweit ginn a gouf dräimol geréckelt, ier et op seng aktuell Plaz an der "Rue John-Grün" koum.[1]
Illustratiounen
änneren-
Grün-Monument zu Munneref
-
Inscriptioun um Monument
-
Bronzerelief vum Jean Mich
-
Detail lénks
-
Detail hannen
-
Detail riets
Literatur
änneren- Thorn, Pierre, 1921. John Grün, Roi de la Force, der stärkste Mann der Welt, 1868-1912. Luxembourg. 60 S.
Um Spaweck
ännerenCommons: John-Grün-Monument zu Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien |