De Joaquín Turina Pérez, gebuer den 9. Dezember 1882 zu Sevilla, a gestuerwen de 14. Januar 1949 zu Madrid, war e spuenesche Komponist.

Joaquín Turina
Gebuer 9. Dezember 1882
Sevilla
Gestuerwen 14. Januar 1949
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Dirigent, Musikolog, Universitéitsprofesser, Pianist, Komponist

Liewen änneren

Den Turina huet mat véier Joer ugefaangen, Akkordeon ze spillen an huet nach wärend senger Schoulzäit Piano geléiert, vun 1894 un och Harmonieléier a Kontrapunkt bem Evaristo Garcia Torres. Vun 1897 un ass hie reegelméisseg als Pianist, musikalesche Leeder an Interpret och vun eegene Kompositiounen a Sevilla opgetrueden.

Vun 1902 un huet hien zu Madrid beim Pianist José Tragó studéiert. Do huet en och säi Landsmann a Frënd, de Manuel de Falla, kennegeléiert. Vun 1905 bis 1913 huet en zu Paräis gelieft, wou e Piano beim Moritz Moszkowsky a Kompositioun beim Vincent d'Indy a senger Schola Cantorum studéiert huet.

Wierker änneren

Kompositiounen änneren

  • Bünewierker
    • Margot op. 11. Comedia lírica an zwee Akten, Buch: Gregorio Martínez Sierra
    • Jardín de Oriente op. 25 (1922). Oper an engem Akt, Buch: Gregorio Martínez Sierra
  • Orchestermusek
    • La procesión del Rocío op. 9 (1913)
    • Danzas fantásticas op. 22 (1919). Beaarbechtung vun der Pianoskompositioun mam selwechten Numm
    • Sinfonía Sevillana op. 23 (1920).
    • La oración del torero op. 34 (D'Gebiet vum Torero) Sträicher-Beaarbechtung vun enger Lautekompositioun
    • Rapsodia sinfónica op. 66 (1934) fir Piano a Sträichorchester
  • Kammermusek
    • Sträichquartett Nr. 1 a ré mineur op. 4 (1911)
    • El poema de una sanluqueña op. 28 (1924) für Violine und Klavier
    • Pianosquartett a la mineur op.67
    • Violinsonaten op. 51 (1926) an op. 82
    • Serenata op. 87 (1935) fir Sträichquartett
  • Pianosmusek
    • Sevilla op. 2 (1908)
    • Sanlúcar de Barrameda. Sonata pintoresca op. 24 (1920)
    • Danzas Gitanas op. 55 (1930) an op. 84 (1934)
    • Concierto sin orquesta op. 88 (1935)
  • Gittarsmusek
    • Sevillana op. 29 (1923)
    • Fandanguillo op. 36 (1925)
    • Ráfaga op. 53 (1930)
    • Sonata op. 61 (1932)
    • Homeneja a Tarrega - Garotin, Soleares op.69 (1932)
  • Lidder
    • Poema en forma de canciones op. 19 (1918) fir Gesang a Piano. Texter vum Ramón de Campoamor
    • Canto a Sevilla op. 37 (1925). Lidderzyklus fir Gesang a Piano oder Orchester, Texter vum José Muñoz San Román
    • Saeta, en forma de salve, a la Virgen de la Esperanza op. 60 fir Gesang a Piano oder Orchester, Text vum Joaquín y Serafín Álvarez Quintero
    • Las musas de Andalucía op. 93 (1942) fir Gesang, Piano a Sträichquartett

Literatur änneren

  • Enciclopedia abreviada de música, Madrid 1917
  • Tratado de composición musical, Madrid 1942-1948