Joakim Eriksson (Äishockeyspiller 1964)

schweedeschen Äishockeyspiller an -trainer
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem schweedeschen Äishockeyspiller a Fonctionnaire (* 1964). Fir de schweedeschen Äishockeyspiller (* 1976), kuckt wgl. Joakim Eriksson (Äishockeyspiller 1976).

De Joakim Eriksson, gebuer den 13. Januar 1964,[1] ass e schweedesche fréiren Äishockeyfonctionnaire a -spiller op der Verdeedeger-Positioun[2][3].

Joakim Eriksson
Gebuer 13. Januar 1964
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Äishockeyspiller, Äishockeytrainer
Famill
Kanner Marcus Eriksson

Den Eriksson huet seng Spillercarrière 1984 ugefaangen an am Joer 1989 opgehalen. Hien huet a senger Carrière fir de Frölunda HC an de Mölndal Hockey gespillt[2]. Vun 2009 bis 2010 war hien den Haapttrainer vun der Lëtzebuerger Äishockeynationalekipp[1]. Vun 2009 bis 2011 war och den Eriksson den Haapttrainer vum Äishockeyclub Tornado Luxembourg[4].

Hien ass de Papp vum lëtzebuergesch-schweedeschen Äishockeyspiller Marcus Eriksson[3].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://www.eliteprospects.com/staff.php?staff=1235
  2. 2,0 2,1 http://www.eliteprospects.com/player.php?player=443760
  3. 3,0 3,1 http://www.icehockey.lu/index.php?site=page&id=staff&sid=joakim-eriksson-2
  4. http://www.icehockey.lu/index.php?site=page&id=staff&sid=joakim-eriksson-2&p=stats