Jesus Christus Erlöser

Film vum Peter Geyer (2008)

Jesus Christus Erlöser ass en däitsche Film vum Peter Geyer aus dem Joer 2008.

Jesus Christus Erlöser
Film
Produktiounsland Däitschland
Première 11. Februar 2008
Dauer 84 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch,
Däitsch
Ekipp
Regie Peter Geyer
Fotografie Peter Zeitlinger
Musek Florian Käppler
Daniel Requardt
Schnëtt Konrad Bohley
Michael Dreher
Peter Geyer
Schauspiller
Klaus Kinski
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film ass eng Opzeechnung vun enger Liesung vum Klaus Kinski vum 20. November 1971 an der Deutschlandhalle zu Berlin. Hien huet deemools probéiert, eleng op der Bün säin eegenen Text "Jesus Christus Erlöser" virzedroen, un deem hie méi wéi 10 Joer geschafft huet. Et war d'Zäit vun der Hippiebeweegung a vum Musical "Jesus Christ Superstar", dat du massive Succès hat. Mee d'Virliesung war en héich emotionalen Owend ginn mat heftege Konflikter tëscht dem Kinski an dem Publikum. Si gouf e puermol ofgebrach a schliisslech virun engem bal eidele Sall zu Enn bruecht.

De Film ass en Zesummeschnëtt vun den Opnamen, déi deemools gemaach goufen.

Um Spaweck änneren