Jennifer Carpenter

amerikanesch Schauspillerin

D'Jennifer Leann Carpenter, gebuer de 7. Dezember 1979 zu Louisville am Kentucky, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Jennifer Carpenter
Gebuertsnumm Jennifer Leann Carpenter
Gebuer 7. Dezember 1979
Louisville
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat Michael C. Hall
D'Jennifer Carpenter am Joer 2009

Bekannt gouf si duerch d'Haaptroll am Film The Exorcism of Emily Rose (2006), fir déi si 2006 en MTV Movie Award an der Kategorie "Best Frightened Performance" krut. Duerno huet si vun 2006 bis 2013 d'Debra Morgan an der Televisiounsserie Dexter gespillt. Fir déi Roll ass si 2009 mat engem Saturn Award als "Best Supporting Actress" ausgezeechent ginn. Vun 2015 u war si och an der Serie Limitless ze gesinn, éier déi ee Joer méi spéit nees ofgesat ginn ass.

Filmographie (Auswiel) änneren

Filmer änneren

  • 2003: Ash Tuesday
  • 2004: D.E.B.S.
  • 2004: White Chicks
  • 2005: Lethal Eviction
  • 2006: The Exorcism of Emily Rose
  • 2008: Quarantine
  • 2010: Faster
  • 2011: Seeking Justice
  • 2012: Gone
  • 2013: The Factory
  • 2014: The Devil's Hand

Televisioun änneren

  • 2006-13: Dexter (Televisiounsserie)
  • 2011-13: Pound Puppies
  • 2015-16: Limitless

Um Spaweck änneren

Commons: Jennifer Carpenter – Biller, Videoen oder Audiodateien