Haaptmenü opmaachen

De Jeannot Trampert, gebuer den 20. Januar 1961 an der Stad Lëtzebuerg[1] ass e lëtzebuergesche Geophysiker.

De Jeannot Trampert huet Physik a Mathematik op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert, wou hien 1990 säin Doktorat gemaach huet[2].

2004 gouf hie Professer op der Universitéit zu Utrecht. Zanter 2009 ass hie Fuerschungsdirekter vum Departement Sciences de la Terre vun där Universitéit. Seng Spezialitéit ass d'Erfuerschung vun der Ausbreedung vun de seismesche Wellen, aus där een op d'mineralescher Zesummesetzung an d'Konvektiounsstréimungen am Äerdmantel zréckschléisse kann[2].

2012 krut de Jeannot Trampert de Grand Prix en sciences géologiques / Prix Feidt vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal[2].

QuellenÄnneren

  • Anonyme, 2012. Le «Prix Feidt» décerné à Jeannot Trampert. Le géophysicien est actuellement professeur à l'Université d'Utrecht. Luxemburger Wort vum 23. November 2011, S. 17.

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren