Jean Stock, gebuer de 26. August 1948 zu Sarrebourg am Departement Moselle a Frankräich, ass eng franséisch Perséinlechkeet vum Audiovisuel.

Jean Stock
Gebuer 26. August 1948
Sarrebourg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist

Hien huet den éischten Deel vu senger Carrière bei RTL verbruecht, als Journalist bei RTL (Radio), an duerno bei RTL Television. Do huet hien Emissioune wéi La Bonne Franquette - wou hie Showmaster an och Realisateur war (wat eng Première an Europa war) - a "Léo contre tous", dat éischt interactiivt Spill wou de Computer seng Entrée bei den Tëleesspiller gemaach huet.

De Jean Stock huet bei der Kreatioun vun M6 bäigedroen als Direkter vun de Programme vun 1987 bis 1989. Hien ass och de Createur vun den Noriichte vum Sender, de Six' (6 minutes).

Vun 1997 bis 1998 war hien Direkter vum Audiovisuel beim Grupp Havas, Member vum "Comité de direction de Havas", duerno vun 1998 bis 2001 PDG vun TV5 Monde a Canal France International.

Vun 2001 bis 2004, war de Jean Stock Generalsekretär vun der Union européenne de radio-télévision (EBU-UER).

Momentan presidéiert hie LUXE.TV, de Sender an TVHD dee säi Jong de Jean-Baptiste Stock dirigéiert.