Jean Schoos (Psycholog)

lëtzebuergesche Psycholog a Schrëftsteller
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Psycholog an Auteur Jean Schoos. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Schoos.

De Jean Schoos, gebuer den 8. September 1947 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Psycholog a Schrëftsteller.[1]

Jean Schoos
Gebuer 8. September 1947
Lëtzebuerg
Aktivitéit Psycholog, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No engem Studium vu Chimie, Physik a Mathematik, vun 1967 bis 1969, huet de Jean Schoos vun 1969 bis 1975 op der Universitéit Heidelberg Psychologie a Soziologie studéiert. No 3 Joer als wëssenschaftleche Mataarbechter an enger Aarbechtsgrupp zu Heidelberg gouf hien 1978 Direktor a vun 2000 u President vum Jongenheem (Centre d'Insertion et de Réinsertion Professionnelle) zu Bartreng. 2011 gouf e pensionéiert.

Hien huet 2016 säin éischte Policeroman geschriwwen: Den drëtte Schlëssel (Éditions Guy Binsfeld). Zanterhier kënnt all Joers en neie Roman aus der Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm bäi: 2017 koum "dem Fischbach säin 2. Fall" ënner dem Titel Schaarf Munitioun eraus, 2018 deen drëtten, Déidlech Ofgrënn, an 2019 Operatioun Meedag, "dem Fischbach säi 4. Fall".

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.