Jean Neumann

lëtzebuergesche Professer an Auteur

De Jean Neumann, gebuer an der Stad Lëtzebuerg de 14. November 1820 an do gestuerwen de 26. Juli 1892, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur.[1]

Jean Neumann
Gebuer 14. November 1820
Gestuerwen 26. Juli 1892
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Neumann huet seng ganz Carrière am Kolléisch gemaach, wou hien al a modern Sproochen enseignéiert huet. Schrëftstelleresch huet hie sech mat enger Rei vu Festgedichter a Kantaten ervirgedoen; donieft huet hien awer och e puer méi substantiell Artikele verfaasst.[2]

Seng Publikatiounen änneren

  • Les auteurs luxembourgeois. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahrs 1855-1856 / Königlich Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1855-1856 / Athénée royal g.-d. de Luxembourg. Luxembourg 1856, S. 1-45.
  • Souvenir de la bonne Maman Dutreux. V. Bück, Luxembourg 1856, 36 S.
  • Das sechzigjährige Dienst-Jubiläum Seiner Exzellenz des Königlich-Preussischen General der Cavallerie, General-Adjutanten S.M. des Königs, Militair-Gouverneur der Bundesfestung Luxemburg, Leopold Heinrich von Wedell, gefeiert am 15. April 1856 zu Luxemburg. V. Bück, Luxemburg 1856, 60 S.
  • Notice biographique sur J.P.B. Dutreux-Boch. V. Bück, Luxembourg 1862, 17 S.

Referenzen änneren

  1. F. Heuertz, 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). In: Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, S. 44.
  2. Blum, Martin, 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 170-171.