De Jean Künsch, gebuer de 25. August 1943 an der Stad Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Sculpteur.

Jean Künsch
Gebuer 25. August 1943
Aktivitéit Sculpteur

Hie mécht haaptsächlech Skulpturen aus Stolschrott deen hien zesummeschweesst.

Säin éischte Léiermeeschter war de Lucien Wercollier. Spéider huet de Jean Künsch u Coursen iwwer Metallverformen op der Europäescher Konschtakedemie zu Tréier deelgeholl.

De Jean Künsch lieft zu Leideleng wou en och säin Atelier huet.

Ausstellungen änneren

Zanter uganks 2000 stellt hien a reegelméissegen Ofstänn zu Lëtzebuerg an am Ausland aus:

  • 2001 Salon d'arts des finances zu Antwerpen,
  • 2003 Galerie Schortgen an der Stad Lëtzebuerg,
  • 2004 Salon d'arts des finances zu Léck,
  • 2004 Internationale Ausstellung “Künstler der Region” zu Losheim,
  • 2004 Kollektivausstellung an der Schauwebuerg zu Bartreng,
  • 2005 Galerie Spiren zu Stroossen,
  • 2006 Galerie Maggy Stein am Beetebuerger Schlass,
  • 2007 Luxport Mäertert,
  • 2007 Gemeng Hesper,
  • 2008 International Ausstellung zu Schreckling,
  • 2010 Salon international de peinture et sculpture zu Däitsch-Oth,
  • 2012 Galerie d'Art Contemporain "Am Tunnel" B.C.E.E. Luxembourg (exposition collective)
  • 2013 Salon des Antiquités et de l'Art Contemporain à Saintes (Poitou-Charentes) France
  • 2015 Galerie « Op der Kap »

Präisser änneren

  • 2001 krut de Jean Künsch e Präis fir seng Skulptur “le moineau” zu Antwerpen,
  • 2004 1. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Losheim,
  • 2010 2. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Däitsch-Oth,

Literatur änneren

  • Revue Nr. 13 vum 26. Mäerz 2014, S. 22-23: Von wegen Schrott

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren