De Jean Foehr (Föhr), gebuer de 25. Februar 1770 zu Tréier, gestuerwen de 25. August 1842 zu Iechternach, war Metzler an Hotelier zu Iechternach.[1]

Jean Foehr
Gebuer 25. Februar 1770
Gestuerwen 25. August 1842
Nationalitéit Lëtzebuerg

Hie war de Fils vum Balthasar Foehr an der Lucie Bernard(y).

Den 29. September 1797 huet hie sech mat der Anne Marie Schiltz (1778-1821) bestuet.[2] D'Koppel huet a "Beerkes" (rue de la Montagne) gewunnt, wou si den "Hôtel du Cerf" haten. Hir Kanner waren:[3]

Jean Michel Foehr (*1804), dee Präses vum Seminaire gouf.

Lucie Foehr (*1807), déi sech de 24. November 1824 mat dem Dokter Jean-Mathias Mayrisch bestuet huet. Si waren d'Grousseltere vum Émile Mayrisch.[4]

• Margareta Foehr (*1809), déi sech de 6. Februar 1833 mat dem Jean-Henri Dondelinger jun. bestuet huet.

Literatur änneren

  • Muller, J.C., 1989. Familiengeschichtliche Untersuchung über das Paar Emile Mayrisch - Aline de Saint Hubert. In: Galerie 7(1989) N° 1, S. 7-40.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. St. Paulus Druckerei, Luxemburg, S. 62.

Referenzen änneren

  1. Muller 1989, S. 26. — Bei Staud & Reuter 1952 steet de 4. Januar 1772 als (Gebuertsdatum an Iechternach als Gebuertsuertschaft; béides ass falsch.
  2. Muller 1989, S. 26-27. — Bei Staud & Reuter 1952, S. 62, steet als Hochzäitsdag den 23. September 1797.
  3. Staud & Reuter 1952.
  4. Muller 1989. S. 14 a S. 23.