Jean Ferrat
De Jean Ferrat gebuer de 26. Dezember 1930 zu Vaucresson, Hauts-de-Seine a gestuerwen den 13. Mäerz 2010 zu Aubenas, Ardèche, mam richtegen Numm Jean Tenenbaum, war e franséische Sänger a Komponist.
Jean Ferrat | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Tenenbaum |
Gebuer |
26. Dezember 1930 Vaucresson |
Gestuerwen |
13. Mäerz 2010 Aubenas |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Conservatoire national des arts et métiers |
Aktivitéit | Sänger, Liddermécher, Dichter, Komponist, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Christine Sèvres, Colette Laffont |
De Jean Ferrat huet ufanks Libeslidder komponéiert, mat deenen en an der Mëtt vun den 1950er Joren am Cabaret La Colombe zu Paräis opgetrueden ass, mä och fir d'Sängerin Zizi Jeanmaire. Méi spéit huet hie sech zu engem engagéierte Sänger entwéckelt, deen dem Parti communiste français no stoung, ouni awer Member ze sinn.[1] Op senge Placken huet hie politesch engagéiert Lidder mat poetesche Libeslidder vereent. Laang hu seng Lidder net däerfen um franséische Radio gespillt ginn, well se als ze vill "oséiert" ugesi goufen. Säi wuel bekanntst Stéck, La Montagne, an deem et iwwer Landflucht geet, gouf iwwer fënnef Milliounemol verkaf.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jean Ferrat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit
- Jean Ferrat est mort bei lemonde.fr. 13. Mäerz 2010
Referenzen
änneren- ↑ Chanteur engagé et poète discret, Jean Ferrat est décédé en Ardèche. Tageblatt. Zeitung fir Lëtzebuerg, 14. Mäerz 2010. / Jean Ferrat s'est tu L'Humanité, gelies de 14. Mäerz 2010.