De Jean Cardot, gebuer den 20. Juli 1930 zu Saint-Étienne an der Loire a gestuerwen den 13. Oktober 2020, war e franséische Sculpteur.

Jean Cardot
Gebuertsnumm Jean Jules Cardot
Gebuer 20. Juli 1930
Saint-Étienne
Gestuerwen 12. Oktober 2020
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sculpteur
Member vun Académie des beaux-arts

Zanter 1983 ass hie Member vun der Académie des Beaux-Arts, déi hien 1992 an 1997 presidéiert huet. Zu senge bekannte Wierker gehéieren eng Rei vu Statue vu grousse Perséinlechkeeten, déi ënner anerem zu Paräis stinn: Winston Churchill (1998), vis-à-vis vum Petit Palais; Charles de Gaulle (2000), vis-à-vis vum Grand-Palais; Thomas Jefferson (2006), bei dem Pont des Arts.

D'Skulptur bei der Atomzentral vu Cattenom, déi en Trapp Schof duerstellt, ass och vum Cardot (1987), grad wéi d'Statu vun der Groussherzogin Charlotte op der Clairefontaine-Plaz an der Stad (1990).

Literatur änneren

  • Anonyme: Jean Cardot. In: Monument Grande-Duchesse Charlotte: inauguration, le 29 avril 1990, Luxembourg, Place de Clairefontaine. [éd. Regéierungscommissioun fir d'Monument; dir. Martin Gerges]. Lëtzebuerg 1990, S. 29-32.
  • Henry Bonnier: Jean Cardot. Éditions Adam Biro, Paris 2000, 238 S.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Cardot – Biller, Videoen oder Audiodateien