Jean Bernard (Schampesfabrikant)

lëtzebuergesche Schampesfabrikant

De Jean (Johann) Bernard, gebuer den 21. Juli 1875 zu Rëmeleng[1] a gestuerwen de 4. Januar 1923 zu Tréier,[2] war e lëtzebuergesche Geschäftsmann an Industriellen.

Jean Bernard
Gebuer 21. Juli 1875
Rëmeleng
Gestuerwen 4. Januar 1923
Tréier
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wäiproduzent

De Jong vun engem Eisebunner änneren

De Jean Bernard war de Jong vum Eisebunner Jacques Bernard an der Anna Etring. De Jacques Bernard ass de 27. September 1853 zu Reckeng op der Mess op d'Welt koum. Hien hat sech am November 1873 zu Eech mat der Anna Etring bestuet, déi 1847 zu Dummeldeng als Duechter vum Lompekréimer Jean Etring gebuer gouf an am Mee 1903 zu Ettelbréck gestuerwen ass, wou si deemools zesumme mat hirem Mann gewunnt huet.[3]

De Jacques Bernard huet sech am Juni 1904 zu Wëlwerwolz fir d'zweet bestuet, an zwar mat der Anna Keup (Keip), 1864 zu Lellgen gebuer.[3] De Jacques Bernard, “portier en retraite des chemins de fer Guillaume-Luxembourg“, ass de 24. Abrëll 1936 zu Ettelbréck gestuerwen.[4]

An der Champagne änneren

Als jonke Mënsch huet et de Jean Bernard an d'Champagne a Frankräich gezunn, wou hien an der Wäin- a besonnesch an der Champagnerbranche geschafft huet a geléiert huet, wéi ee Schampes mécht.[5]

De Jean Bernard huet sech den 19. November 1898 zu Reims mat der Anne Marie Susanne Massard, Anna oder Anne genannt, bestuet.[6] Si ass de 7. Februar 1871 zu Esch-Uelzecht op d'Welt komm. Si war d'Duechter vum Henri Massard an der Susanne Schmit.[3] Si ass de 6. Februar 1946 am Alter vu 75 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.[7]

No der Champagne war de Jean Bernard an Ungarn un der Grënnung vun e puer Betriber, déi Sekt gemaach hunn, bedeelegt.[8] Als nächstes koum hien op Serrig op der Saar, wou hien e puer Joer laang d'Sektfirma Wagner geleet huet.[8]

Zu Tréier an op der Deisermillen änneren

Direkt nom 1. Weltkrich, am Joer 1919, huet de Jean Bernard zu Tréier d'Gebaier an d'Kellere vum Palais Pillishof[9] opkaaft an do eng eege Schampeskellerei ageriicht, d'„Sektkellerei Bernard-Massard“.[10] Domat war de Markennumm „Bernard-Massard“, eng Kombinatioun aus sengem a senger Fra hirem Familljennumm, etabléiert.[5]

Enn 1919 krut de Jean Bernard d'Autorisatioun fir och zu Lëtzebuerg e Betrib fir d'Fabrikatioun an de Verkaf vu Vin mousseux opzemaachen.[11] D'Kellerei (Caves Bernard-Massard respektiv Jean Bernard-Massard) war op der Deisermillen.[12] an hat nach en Dépôt zu Maacher.[13]

Foire commerciale de Bruxelles änneren

D'Caves Bernard-Massard waren op der zweeter „Foire commerciale“, déi vum 4. bis den 20. Abrëll 1921 zu Bréissel ofgehale gouf[14], vertrueden. An der Press huet et dozou geheescht:[15]

Une activité toute spéciale s'agite autour du stand N° 251 des Caves Jean Bernard qui exposent des vins champagnisés de la Moselle. La dégustation fait l'objet d'un grand intérêt des visiteurs. Les demandes sont très nombreuses de la part des gros négociants, hôteliers et restaurateurs. Il en est de même pour l'exportation vers le Congo et la Hollande. Le vin champagnisé Jean Bernard qui, depuis peu de temps seulement, est entré en lutte avec les grandes marques connues, a cependant su gagner la faveur du public par son goût pétillant, délicieux et par la modicité de son prix. Il est introduit dans plus de 100 maisons à Bruxelles. II n'existe pas de restaurant, bar et dancing de quelque importance dans la capitale belge ne débitant pas ce champagne favorisé.

D'Grënnung vun der Société anonyme Caves Jean Bernard-Massard änneren

Den 2. Juni 1921[16] huet de Jean Bernard zesumme mat e puer anere Leit eng Aktiegesellschaft mat engem Kapital vun 2,5 Millioune Frang a mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt, déi den Numm „Caves Jean Bernard-Massard“ gedroen huet. De But vun der Gesellschaft war d'Fabrikatioun vu Schampes (vins champagnisés) an den Handel mat Wäin a Spirituosen. D'Grënner waren d'Häre Jean Bernard-Massard (Lëtzebuerg), Michel Altwies (Réimech), Bernard Clasen an August Keiffer (Lëtzebuerg), Eugène Mailliet (Esch-Uelzecht), Fernand Wagner (Deisermillen), Michel Wengler (Gréiwemaacher) an d'Société luxembourgeoise de Crédit et de Dépôts, vertrueden duerch de Verwaltungsdirekter Max Lambert. D'Grënnungsdauer war op 30 Joer fixéiert an huet den 2. Juni 1921 ugefaangen.[17]

Am Verwaltungsrot vun der neier Gesellschaft waren nieft dem Jean Bernard de Bernard Clasen, Affekot (Lëtzebuerg), an de Max Lambert, Banquier (Sooshof-Walferdange). Kommissäre waren den Affekot August Keiffer an de Wäinhändler Eugène Mailliet. De Jean Bernard war Administrateur-délégué; de pensionéierte Wäikontroller Michel Wengler (Gréiwemaacher) war Fondé de pouvoir.[17]

Déi gesetzlich virgesinnen Inscriptioun vun de „Caves Jean Bernard-Massard“ am Regëster vun de Firmen ass den 11. Juli 1921 geschitt.[18]

President vum Verwaltungsrot vun der Gesellschaft war de Bernard Clasen.[19] Déi éischt Generalversammlung war den 31. August 1922. Et gouf decidéiert, fir d'éischt Joer keng Dividenden ze verdeelen.[20]

De Bau vun enger neier Kellerei änneren

Kuerz no der Grënnung vun der neier Gesellschaft ass e groussen Terrain bei der Maacher Muselbréck kaaft ginn, fir do eng nei Kellerei ze bauen.[21]

Am August 1921 hunn Bauaarbechten ugefaangen.[22] Den 22. Oktober 1921 konnt schonn de Schlossstee vum Kellerverwëllef vun deem risege Gebai gesat ginn, eng grouss Leeschtung vum Architekt Jean Warken (Warcken), den Entreprenere Jean Morheng vun Dummeldeng a Charles Guill vu Gréiwemaacher an dem Jos Peffer, deen de Schantjen iwwerwaacht huet.[23] Am Hierscht waren Deeler vum Gebai sou wäit fäerdeg, datt scho Fässer Wäin agelagert konnte ginn.[24] Am Januar 1923, wéi de Jean Bernard gestuerwen ass, war de Bau praktesch fäerdeg,[25] sou datt d'Aarbechten am Laf vum Joer ofgeschloss konnte ginn.

Konsul zu Tréier änneren

Den 30. November 1921 gouf de Jean Bernard lëtzebuergesche Konsul zu Tréier genannt.[26] 1922 gouf hien och belsche Konsul zu Tréier.[27]

Literatur änneren

  • Arendt, O., A. Gnaba, J. Menegalli & J. Rudoni, 2018. Histoires de familles: 10 familles luxembourgeoises, 10 success-stories entrepreneuriales : Clasen, Ehlinger, Ernster, Giorgetti, Grosbusch, Heintz van Landewyck, Hentgen, Lentz, Muller, Weber-Heinisch. Maison Moderne, Luxembourg, 175 p.
  • Indépendance, 1923. Mort de M. Bernard-Massard. L'Indépendance luxembourgeoise 1923-01-05, S. 1.[21]
  • Obermosel-Zeitung, 1923. Grevenmacher, 5. Januar. Obermosel-Zeitung 1923-01-05, S. 2.[22]
  • SIP, 1996. Les Caves Bernard-Massard ont fêté leur 75e anniversaire, le 5 juillet. Gouvernement du grand-duché de Luxembourg, Service information et presse, Bulletin d'information et de documentation 3/96, juillet/août/septembre, p. 122-123.[23]
  • Tageblatt, 1923a. Sterbefall. Luxemburger Tageblatt 1923-01-05, S. 3.[24]
  • Tageblatt, 1923b. Avis mortuaire. Luxemburger Tageblatt 1923-01-06, S. 7.[25]
  • Wort, 1922. Avis mortuaire. Madame Veuve Henry Massard née Suzanne Schmit. Luxemburger Wort 1922-10-30, S. 3.[26]
  • Wort, 1923a. Jean Bernard-Massard †. Luxemburger Wort 1923-01-05, S. 2-3.[27]
  • Wort, 1923b. Avis mortuaire. Monsieur Jean Bernard. Luxemburger Wort 1923-01-05, S. 3.[28]
  • Wort, 1923c. Avis mortuaire. Monsieur Jean Bernard. Luxemburger Wort 1923-01-06, S. 5.[29]

Referenzen änneren

  1. Luxroots.com. — De Jean Bernard staamt also net aus der Champagne („un champenois“), wéi een dat z. B. an der Brochure liest, déi d'Caves Bernard-Massard fir hire 50. Anniversaire erausginn hunn (Société anonyme des Caves Bernard-Massard. Grevenmacher 1971, 16 S.)
  2. Indépendance 1923; Obermosel-Zeitung 1923; Tageblatt 1923a,b; Wort 1923a,b,c.
  3. 3,0 3,1 3,2 Luxroots.com
  4. Luxemburger Wort 1936-04-25, S. 8 (Avis mortuaire. Monsieur Jacques Bernard).[1]
  5. 5,0 5,1 Wort 1923a.
  6. Deltgen.com
  7. Luxemburger Wort 1946-02-08, S. 4 (In Pace. Madame Jean Bernard née Anne Massard).[2] (id., Luxemburger Wort 1946-02-09, S. 7.[3]).
  8. 8,0 8,1 Obermosel-Zeitung 1923.
  9. Palais Pillishof.
  10. Bernard-Massard.
  11. Mémorial 1920, N° 1 (5 janvier), S. 4 (Relevé complémentaire des personnes qui ont été autorisées à faire le commerce en vertu de l'arrêté grand-ducal du 30 août 1918. N° d'ordre 637: Bernard-Massard, J., Luxembourg. Vins – en gros (fabrication et vente de vins mousseux).[4]
  12. Cf. Pierret, E., 1921. Visite des Caves Bernard-Massard à Deysermill (Grevenmacher). Dimanche, le 24 juillet 1921. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 31 (1921), S. 120-123.[5]
  13. Obermosel-Zeitung 1921-05-09, S. 3 (Chronik aus der Hauptstadt. Luxemburg, 9. Mai).[6] — Beim Depot huet et sech warscheinlech ëm de Betrib vum Michel Scheid vu Maacher gehandelt (Mail vum Hubert Clasen, President vum Verwaltungsrot vun de Caves Bernard-Massard, vum 24. Juni 2020). De Michel Scheid, den 28. Juli 1868 zu Reinig bei Wasserliesch gebuer, war Kéifer; hien hat sech 1903 zu Maacher mat der Maria Magdalena Hein, 1874 zu Beuren (Däitschland) gebuer, bestuet (Luxroots.com).
  14. L'Indépendance luxembourgeoise 1920-12-17, S. 2
  15. L'Indépendance luxembourgeoise 1921-04-16, S. 4 (Foire commerciale de Bruxelles (Section luxembourgeoise). Alimentation, vins, champagnes et mousseux).[7]
  16. SIP 1996.
  17. 17,0 17,1 Obermosel-Zeitung 1921-06-22, S. 3 (Grevenmacher, 22. Juni).[8]
    Luxemburger Wort 1921-06-21, S. 3 (Champagnerfabrikation).[9]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1921-06-23, S. 3 (Nouvelle société).[10]
  18. Mémorial 1921, N° 69, S. 1236 (Extraits du registre aux firmes publiés en exécution de l'art. 2 de loi du 23 décembre 1909 : N° 569. Caves Jean Bernard-Massard, Luxembourg).[11]
    Arendt et al. 2014, S. 20-21.
  19. Arendt et al. 2014, S. 20.
  20. L'Indépendance luxembourgeoise 1922-09-04, S. 1 (Caves Jean Bernard-Massard).[12]
  21. Obermosel-Zeitung 1921-08-03, S. 3 (Großherzogtum. Grevenmacher, 3. August).[13]
  22. Obermosel-Zeitung 1921-08-13, S. 3
  23. Obermosel-Zeitung 1921-10-24, S. 3.[14]
    Mail vum 24. Juni 2020 vum Hubert Clasen.
  24. Luxemburger Wort 1922-02-09, S. 2 (Kleines Feuilleton. Jean Bernard).[15]
    Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 16 (1922), S. 24-26 (Jean Bernard).[16]
  25. Cf. Obermosel-Zeitung 1923.
  26. Mémorial 1922, N° 15, S. 230 (Consulats).[17]
    Obermosel-Zeitung 1922-01-12, S. 2 (Chronik aus der Hauptstadt. Lux. Konsul in Trier).[18]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1922-03-13, S. 1.[19]
    Obermosel-Zeitung 1922-04-06, S. 3 (Großherzogtum. Grevenmacher, 6. April).[20]
  27. Obermosel-Zeitung, 1922-05-10, S. 3 (Großherzogtum)