Haaptmenü opmaachen
Titelsäit vum Programm "'T ass eppes lass" vun 1938

De Jean-Pierre (Jempi) Welter (Pseud.: Thériente[1]), gebuer den 2. Juni 1902 zu Iernster, a gestuerwen de 14. Mäerz 1945 zu Réiden, war Auteur vu Revue-Stécker, Dichter a Journalist.

Inhaltsverzeechnes

LiewenÄnneren

De Papp Edouard Welter war Schoulmeeschter a Musekskenner. 1903 ass hie mat senger Fra Anne Schergen a sengen dräi Bouwen Jempy, Charel a Pol vun Ernster op Stengefort geplënnert, wou hien och Organist ass an de Bouwechouer leet.

De Jempi Welter war Korrespondent vu verschiddenen Zeitungen, dorënner Lëtzebuerger Zeitung, Lëtzebuerger Volleksblat an Escher Tageblatt. Zesumme mam Eugen "Pucki" Forman huet hien d'satiresch Wochenzäitschrëft De Gukuk (1922-1934) an d'Lëtzebuerger Illustréiert erausginn. Am Gukuk’ huet hie Gedichter ("Thérientes Gedichte") an déi legendär "Pittis Aufsätze" verëffentlecht.

Tëscht 1933 an 1940 goufe fënnef politesch Revuë vun him mat groussem Erfolleg an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch/Uelzecht an zu Ettelbréck opgefouert; verschiddener goufe bis zu 25 Mol widderhuel. Aus de Revue goungen eng Abberzuel Lidder ervir. Seng Liddtexter huet hien haaptsächlech op d'Melodie vu bekannten internationale Schlager geschriwwen.

Seng Pseudonyme waren Anagramme vum Virnumm vu senger Frëndin Henriette, déi him de Kuerf ginn hat: Thériente a Picothériente.

Zu Réiden un der Atert huet hien iwwer seng Stéifschwëster Yvonne (säi Papp hat sech nom Doud vu senger Fra eng zweet Kéier bestuet) den amerikanesche Majouer 'Walli' kennegeléiert, dee wéinst der Ardennenoffensiv beim Dr. Zoller, dem Yvonne sengem Mann, zu Réiden aquartéiert war. Vun him huet de Jempi Welter wuel och d'Weis Oh My Darling, Clementine kennegeléiert, eng amerikanesche Western-Ballad, op déi hie säi bekannten Text Un der Atert geschriwwen huet.

Bei enger Sprëtztour am amerikanesche Jeep mam Majouer 'Walli' ass de Jean-Pierre Welter am Zentrum vu Réiden un der Atert verongléckt a gouf schro blesséiert. De 14. Mäerz 1945 ass hien am Spidol um Stater Fëschmaart un de Suitë vum Accident gestuerwen.

WierkÄnneren

RevuenÄnneren

  • 1933: YoYo (Stater Theater)
  • 1936: `t ass net erlaabt (Hotel de la Poste, Al Avenue)
  • 1937: `t ass eppes dran
  • 1937: `t ass allerhand (Hotel Alfa)
  • 1940: Ass dat nach dran? (Hotel Alfa)

Bekannt LidderÄnneren

  • Un der Atert
  • Den décken Heng
  • De Stoussnéckel
  • D'Kanéileliss vu Weier
  • Cojellico's Jang

ReferenzenÄnneren