Jean Pierre Michaelis

lëtzebuergesche Mathematiksprofesser
(Virugeleet vu(n) Jean-Pierre Michaelis)

De Jean Pierre Michaelis, gebuer den 3. September 1811 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. September 1867, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.

Jean Pierre Michaelis
Gebuer 3. September 1811
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. September 1867
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mathematiker

Vun 1837 an 1838, war hie Mathematiksprofesser am Collège municipal vu Bouillon an am Athénée royal vu Bruges.

Hien huet 30 Joer laang am Kolléisch zu Lëtzebuerg geschafft. Als Nofollger vum Nicolas-Michel Muller (1793 - 1876), gouf hien den 22. September 1866 do Direkter, an ass dat bis zu sengem fréien Doud am Joer 1867 bliwwen.

Als Professer am Stater Kolléisch gouf hien och Schoulinspekter, d'éischt fir d'Primärschoule vum Kanton Miersch, an du fir d'Schoule vun engem vun den zwéi Kantone Lëtzebuerg (et gouf nämlech ee Kanton "Stad" an ee Kanton "Land"). An der Stad gouf hie Member a spéider (vun 1858 un) Sekretär vun der Schoulkommissioun.

Hien huet vill wëssenschaftlech Dissertatioune geschriwwen an och eng Partie Schoulbicher, an Zesummenaarbecht mat Kolleege publizéiert.

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Edouard Kayser, Les directeurs de l'Athénée (1817-2017) - Notices biographiques; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; Ss. 64-97 (Ill., Bibliogr.).

Referenzen änneren

  1. (fr)L'Athénée de Luxembourg. VI. — Personnel enseignant de l’athénée depuis 1839. A. Les directeurs - V. Bück et L. Bück succ.. Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu (1893). Gekuckt de(n) 2023-12-10.