De Jean-Pierre Huttert gebuer 1688 zu Arel an och do 1753 gestuerwen, war e Kierchemoler a Sculpteur, am deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg.

Jean-Pierre Huttert
Gebuer 1688
Arel
Gestuerwen 1753
Arel
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Aktivitéit Kierchemoler, Sculpteur

Den Hutter war haaptsächlech am haitege belsch-franséisch-lëtzebuergeschen Dräilännereck aktiv.

Dem belschen Historiker Henri Carême senger Doktoratsthes no sinn eng ronn zéng Wieker vun him bis elo bekannt. Dozou zielen d'Molereien an der Kuelebiergskapell zu Biekerech, en Tableau vum Haaptaltor an der Kierch vu Metzert, Molereien zu Uewerkuer an zu Heckbous, sou wéi d'Donatusstatu zu Arel a verschidden Altär.