Jean-Nicolas Raus

lëtzebuergeschen Ingenieur


De Jean-Nicolas Raus, gebuer den 8. November 1876 zu Uespelt, a gestuerwen den 29. Abrëll 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur[1].

Jean-Nicolas Raus
Gebuer 8. November 1876
Uespelt
Gestuerwen 29. Abrëll 1926
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Hien huet zu Oochen säin Ingenieursstudium absolvéiert, an ass dono a Russland, ë. a. zu Grosny an d'Pëtrolsindustrie schaffe gaangen. 1919 gouf hie vun de Bolschewike verjot an e koum veraarmt mat senger Famill op Lëtzebuerg hannescht.

Dono goung en dann a Polen, wou e weider an deem Secteur geschafft huet. Ma eng onheelbar Krankheet huet senger Carrière e séiert Enn gemaach, an en huet seng lescht Méint zu Lëtzebuerg verbruecht.

De Jean-Nicolas Raus war bestuet an hat 4 Kanner.

Literatur änneren

Elisabeth Calmes: Jean-Nicolas Raus (1876-1926): Ingénieur luxembourgeois en Russie et en Pologne. 2017, mat DVD. ISBN 978-99959-0-293-3.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Une biographie luxembourgeoise." lequotidien.lu, 02/06/17 13:44.