Jean-Baptiste Esch

lëtzebuergesche Pastouer a Journalist
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Baptiste Esch, genannt Batty, gebuer de 4. Januar 1902 zu Wegdichen, a gestuerwen am August 1942 an der Gaskummer vum Konzentratiounslager Schlass Hartheim zu Alkoven bei Linz, war e lëtzebuergeschen Theolog.

Jean-Baptiste Esch
Gebuer 4. Januar 1902
Wegdichen
Gestuerwen 7. August 1942
Schlass Hartheim
Doudesursaach Erstécken
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog, Journalist

Säi Liewen änneren

Hie koum aus enger aarmer Bauerefamill, an huet vun 1930 bi 1932 zu Roum studéiert a krut den Doktortitel am Kiercherecht, war Journalist an huet ënner anerem 1940 säi Buch "Briefe aus Rom" erausginn.

Den Esch gouf den 28. Juli 1929 geweit a war Kaploun an der Kathedral, zanter 1932 Redakter, a méi spéit Chefredakter vum Wort. Hie war och Editeur vun der Zäitschrëft Die Rundschau. Beilage des 'Luxemburger Wort' für Literatur, Kunst u. Wissenschaft[1].

Déi éischt Verhaftung war den 11. Mee 1940 fir eelef Deeg.

De 6. September 1940 huet hie sech der Gestapo gestallt, aus Solidaritéit mat zwéi Redakterkolleegen an engem Paschtouer déi verhaft gi waren. Hie koum dunn an de Prisong op Tréier an am November 1940 op Berlin an d'Polizeigefängnis. No enger Tëschestatioun am KZ Sachsenhausen koum hien den 11. September 1942 an d'KZ Dachau. Am August 1942 gouf hien an d'Schlass Hartheim bei Linz verluecht wou hien ëm den 10. August an der Gaskummer ëmbruecht gouf. D'Schlass Hartheim war eng sougenannten Euthanasie-Anstalt, do goufen ufanks haaptsächlech kierperlich a geeschteg behënnert Leit ëmbruecht, nodeem mat hinne grausam Experimenter duerchgefouert gi waren. No 1941 sinn och aner Leit a ganz vill Geeschtlecher do ëmbruecht ginn.

An der Stad ass eng Strooss no dësem grousse Resistenzler benannt, um Stroosseschëld figuréiert hien als Homme de lettres.

Bibliographie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. am Dezember 1938 ëmbenannt a Letzeburg. Blätter für nationales Leben - Revue d'action nationale.