Eng Jarretelle ass en elastescht Band dat un enger Ceinture oder un engem Korsseli festgemaach ka ginn oder vu virera schonn drun ass, an deen op der fräier Säit eng speziell Pëtz huet wou d'Strëmp kënnen dru festgemach ginn fir datt se net sollen um Been no ënne rutschen.

Ceinture aus Spëtzt mat 4 Jarretellen
 
Fra mat Ceinture, Jarretellen an Dammestrëmp

D'Jarretelle ass eng Weiderentwécklung vum Huesebändel (jarretière) a war 1876 vum Korsselismécher Féréol Dedieu uganks fir medezinesch Zwecker entworf ginn.