De Jansky (Symbol:Jy) ass eng Eenheet déi an der Radioastronomie gebraucht gëtt fir d'Intensitéit, d. h. d'Flossdicht vu galakteschen oder extraglaktesche Radiossignaler unzeginn.

Si gouf nom Radioastronom Karl Guthe Jansky genannt. De Jansky gouf am Ufank fir de Radiosberäich vum elektromagnéitesche Spektrum definéiert, gëtt awer heiansdo och bei méi kuerze Wellelängte bis zum Ultraviolett gebraucht.

D'Eenheet ass definéiert als honnertquartilliounsten Deel vu Watt pro Quadratmeter pro Hertz.

Et gouf sech fir sou eng Eenheet decidéiert, well déi meescht Himmelskierpere ganz wäit vun eis ewech sinn, soudatt déi kleng Flossdichte musse berücksichtegt ginn. Ausserdeem stralen déi meescht Himmelskierper de gréissten Deel vun hirer Energie a méi kuerze Frequenzberäicher of, wéi déi vun de Radiowellen.

D'Definitioun vum Jansky ass

Dobäi evitéieren d'Radioastronomen et am rietsen Deel vun der Equatioun Sekonne géint Hertz () ze kierzen. Behält een nämlech déi iewescht Schreifweis bäi, ass direkt d'Ofhängegkeet vun der Flossdicht wéi och vun der Integratiounszäit (an s) wéi och vun der Bandbreet vun de gebrauchten Instrumenter (an Hz) z'erkennen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie