De Jakob Stainer (och: Jacob Stainer oder Jacobus Stainer), gebuer viru 1617 zu Absam bei Innsbruck, an do 1683 gestuerwen, war en Tiroler Geiemécher.

Eng Jacob Stainer-Gei

De Stainer war deen éischte wichtege Geiemécher nërdlech vun den Alpen. Hie gëllt als Grënner vun der eigentlecher däitscher Geiebauschoul.

Bei de Stainer-Geie fält besonnesch den typesch helle Klang op, dee mat enger Flütt verglach gëtt.

Déi selwecht Gei Récksäit