Jag - en oskuld
Film vum Joseph W. Sarno (1968)
Jag - en oskuld (iwwersat: "Ech, déi Onschëlleg" oder "Ech, d'Jongfra)" ass e schweedesche Film vum Joseph W. Sarno aus dem Joer 1968 mat der Marie Liljedahl an der Monica Strömmerstedt an den Haaptrollen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Schweden |
Première | 1968 |
Dauer | 84 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 1,66:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Joseph W. Sarno |
Dréibuch | Joseph W. Sarno |
Fotografie | Bruce G. Sparks |
Musek | Bo Waldsten |
Schnëtt | Ingemar Ejve |
Produzent | Donald Dennis |
Produktiouns- gesellschaft |
InskaFilm Cannon Films |
Schauspiller | |
Marie Liljedahl als Inga Monica Strömmerstedt als Greta Thomas Ungewitter als Einar Anne-Lise Myhrvold als Dagmar Casten Lassen als Karl< | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenNom Doud vu senger Mamm plënnert d'Inga bei seng Tatta Greta. Dës plangt, d'Inga zur Maîtresse vun engem eelere räiche Mann, dem Einar, ze maachen, sou dass si mat den erwaarte Suen hir Scholde beszuele kéinnt. Ma d'Inga huet éischter Ae fir de Karl, dem Greta säi Fiancé, an déi Zwéi maache sech dervun ...