Jacques Diedenhoven
De Jacques (oder Jakob) Diedenhoven, gebuer den 10. Dezember 1809 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. Mäerz 1866[1] zu Schaerbeek (haut Haaptstadregioun Bréissel), war e lëtzebuergeschen Auteur. Hien ass bekannt dofir, als ee vun deenen Éischten iwwerhaapt, déi Gedichter op Lëtzebuergesch publizéiert hunn.
Jacques Diedenhoven | |
---|---|
Gebuer |
10. Dezember 1809 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. Mäerz 1866 Schaerbeek |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Zaldot |
De Jacques Diedenhofen huet am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs studéiert. 1830, no der Belscher Revolutioun, ass hie mat sengem Brudder an d'Belsch gaangen, fir do Carrière an der Arméi ze maachen. Als Student huet hie Gedichter op Lëtzebuergesch geschriwwen an op lassene Blieder verdeelt. Dat éischt war Oin d'Noicht (1829).
Verschiddener sinn haut net méi erëmzefannen, anerer, wéi De Bidgang no Conter oder Ofscheet fu Letzeburg goufen nogedréckt.
Publikatiounen änneren
- De Bidgang no Conter. (1918). an: D'Nati'on vum 1. Abrëll 1918
- Ofscheet fu Letzeburg
- Gudde Nuecht
- Um Tribunal zu Letzeburg
Literatur änneren
- Hessel, Marc. (1988). Jacques Diedenhoven : 1809-1866. Eis Sprooch, Eis Sprooch. - Lëtzebuerg Jg. [27](1988), Nr. 24, p. 3-5, ill.
- Emmel, F., & Maurer, Gilbert. (2009). Deux cents ans après... Bon anniversaire à Jacques Diedenhoven (1809 - 1866). Bulletin de liaison des anciens de l'Athénée Luxembourg Fasc. 27 (janvier 2009), p. 57-72, ill. ;
- Gilbert Maurer. " Diedenhoven Jacques - une suite "; in: Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Nr. 28 (2009), Ss. 79-86.
- Emmel, F. (2010). Jacques Diedenhoven (1809 - 1866) et sa famille. De Familjefuerscher : Association Luxembourgeoise De Généalogie Et D'héraldique, De Familjefuerscher : Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique [Mersch] Jg. 26(2010), n° 85, p. 43-52, ill., tabl.
Um Spaweck änneren
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Letzeburger Memorandum Jacques Diedenhofen †. an: D'Unio'n vum 29./30. Mäerz 1947