Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jacob-Joseph Leyder gebuer den 28. Mäerz 1840 zu Sëll a gestuerwen de 5. Abrëll 1910 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Veterinär an Universitéitsprofesser op der Héichschoul fir Veterinären zu Gembloux.

Jacob-Joseph Leyder
Gebuer 28. Mäerz 1840
Sëll
Gestuerwen 5. Abrëll 1910
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Véidokter, Universitéitsprofesser

Karriär änneren

  • Studien op der Veterinärsschoul zu Cureghem bei Bréissel an zu Wien;
  • 1862 (20. August): Diplom als Veterinär 1. Klass an der Belsch;
  • 1862 (26. November): Diplom als Veterinär zu Lëtzebuerg;
  • 1865: Professer fir Naturgeschicht um Institut agricole de l'Etat zu Gembloux
  • 1889:Nominatioun als Sous-Direkter um selwechten Institut;
  • 1992: Pensioun
  • De Jacob-Joseph Leyder war Member vu ville wësseschaftleche Gesellschaften (Hie war och Member vum lëtzebuergesche groussherzogleche Cercle agricole et viticole);
  • Hie krut vill Gielercher an d'Société agricole du Brabant huet 1874 eng gëlle Gedenkmënz mat sengem Bild erausginn.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • A propos de notre bétail bleu, 1902;
  • Das belgische Pferd, seine Charakteristik und Zuchtverhältnisse, 1904;
  • Le cheval belge en Allemagne, 1905, (gouf och op Dänesch, Italieenesch, Kroatesch an Hollännesch iwwersat);
  • Un élevage intensif de porcs dans une grande ferme, 1906;
  • Le mouton Karakul: Mérinos et karakuls,1908;
  • Doriwwer eraus huet hie vill agronomesch Bäiträg a belschen an auslänneschen Zäitschrëfte publizéiert.

Literatur änneren

  • Arendt, Karl: Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen, Verlag Edouard Kutter, Neioplo 1972

Um Spaweck änneren